
20 Participante fir d’EM am Futtball dat anert Joer sti scho fest. Déi lescht 4 Tickete ginn iwwer d’Playoffs verdeelt. D’Auslousung war e Freideg an der Mëttegstonn zu Nyon an der Schwäiz.
D’Halleffinalle vun de Playoffs ginn ouni Retourmatch de 26. Mäerz 2020 gespillt. D’Gewënner spillen dann den 31. Mäerz 2020 och nees an engem Duell ëm een EM-Ticket.
Wee A:
Halleffinall 1: Island - Rumänien
Halleffinall 2: Bulgarien - Ungarn
Finall: Bulgarien/Ungarn - Island/Rumänien
Wee B:
Halleffinall 1: Bosnien-Herzegowina - Nordirland
Halleffinall 2: Slowakei - Irland
Finall: Bosnien-Herzegowina/Nordirland - Slowakei/Irland
Wee C:
Halleffinall 1: Schottland - Israel
Halleffinall 2: Norwegen - Serbien
Finall: Norwegen/Serbien - Schottland/Israel
Wee D:
Halleffinall 1: Georgien - Wäissrussland
Halleffinall 2: Nordmazedonien - Kosovo
Finall: Georgien/Wäissrussland - Nordmazedonien/Kosovo