
Virun engem Joer huet de Cristiano Ronaldo säi Wiessel a Saudiarabien public gemaach. Dëse Summer ass et mam Karim Benzema deen zweete grousse Star, deen dohi wiesselt.
Déi lescht Wochen a virun allem déi lescht Deeg hunn awer nach eng gutt Partie aner Spiller a Saudiarabien ënnerschriwwen oder sti kuerz virun engem Wiessel. Deelweis och Spiller, déi net am méi héije Futtball-Alter sinn, mä matten an hirer Karriär. Virun allem vun Chelsea verloosse Spiller d’Insel Richtung Saudiarabien.
Bis elo hunn déi Responsabel aus dem Ueleg-Staat éischter an europäesch Veräiner investéiert, amplaz d’Spiller an hir eege Liga ze transferéieren.
De Jeff Kettenmeyer an den FLF-President Paul Philipp schwätzen am RTL-Interview iwwert déi nei Entwécklungen a wéi eng Grënn kéinten dohannert stiechen.