EM am DammefuttballEngland géint Schweden an Däitschland géint Frankräich heeschen d'Halleffinallen

RTL Lëtzebuerg
Bis den 31. Juli gëtt an England d'Europameeschterschaft am Dammefuttball gespillt. An de leschten Deeg stoungen d'Véierelsfinallen um Programm.
An enger spannender Véierelsfinall géint Spuenien huet sech England no Verlängerung duerchgesat.
An enger spannender Véierelsfinall géint Spuenien huet sech England no Verlängerung duerchgesat.
© Glyn Kirk/AFP

An do war et den Out fir den Titelverdeedeger Holland, dee sech knapp mat 0:1 no Verlängerung géint Frankräich huet misse geschloe ginn. Den entscheedende Gol huet d’Ève Périsset per Eelefmeter an der 102. Minutt markéiert.

An den anere Partien hu sech d’Favoritten duerchgesat. E ganz flotte Match gouf et ënner anerem tëschent England a Spuenien, wou sech d’Heemekipp am eegene Land eréischt no Verlängerung mat 2:1 duerchsetze konnt. D’Spuenierinne ware laang 1:0 vir, éier England an der 84. Minutt ausgläiche konnt. An der 96. Minutt huet d’Georgia Stanway mat engem Schoss aus der Distanz fir d’Decisioun gesuergt.

An engem animéierte Match tëschent Däitschland an Éisträich huet de Favorit verdéngt an awer mat enger Portioun Gléck mat 2:0 gewonnen. Éisträich hat am Laf vum Match dräimol de Potto getraff. D’Lina Magull an d’Kapitänin Alexandra Popp hunn Däitschland an déi nächst Ronn geschoss.

Donieft huet sech Schweden mat 1:0 géint d’Belsch behaapt. Den entscheedende Gol vum Linda Sembrant ass an der Nospillzäit gefall.

An den Halleffinalle kritt et England mat Schweden ze dinn an Däitschland spillt géint Frankräich.

D’Halleffinallen am Iwwerbléck

England - Schweden (26.7.22 um 21 Auer zu Sheffield)

Däitschland - Frankräich (27.7.22 um 21 Auer zu Milton Keynes)

D’Finall gëtt Sonndes den 31. Juli um 18 Auer zu London am Wembley-Stadion gespillt.

Back to Top
CIM LOGO