Am Alter vu 67 JoerAbbé Carlo Morbach gestuerwen

Roy Grotz
De gebiertege Kanecher war als Paschtouer mat engem engagéierten, treien Asaz fir seng Poren an déi Gleeweg bekannt a geschat.

D'Par-Regiounen aus dem Oste verléiere mam Carlo Morbach e bekannten a beléifte Geeschtlechen, deen e Freideg den 9. Oktober onerwaart no engem Spidolsopenthalt am Alter vu 67 Joer gestuerwen ass.

De Paschtouer war ënnert anerem am Iechternacher Pastoralteam grad wéi an de Pare Bech, Konsdref, Hemstel, Beefort a Bäerdref aktiv.

De gebiertege Kanecher war als Paschtouer mat engem engagéierten, treien Asaz fir seng Poren an déi Gleeweg bekannt a geschat.

1985 war de Carlo Morbach zesumme mam Abbé Erny Gillen zum Geeschtleche geweit ginn.

D'Begriefnëssmass fir den Abbé Morbach ass e Samschdeg de 17. Oktober an der Iechternacher Basilika.

Back to Top
CIM LOGO