Basket - Auslousung vun de CouppenEttelbréck géint Steesel, Hiefenech trëfft op Esch

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg den Owend huet d'FLBB den nächsten Tour vun der Coupe-Competitioun geloust.

De Coupe-Gewënner bei den Hären, Etzella Ettelbréck, spillt géint d’Amicale Steesel, bei den Damme spillt de Coupe-Gewënner Gréngewald Hueschtert géint Hesper aus der Nationale 2. Bei den Dammen bleift nach 1 Match aus den 1/8-Finallen ze spillen. D’Musel Pikes treffen de 14. November géint den T71 Diddeleng*. De Gewënner vun dësem Match spillt an de 1/4-Finalle géint Wolz. All déi aner Partië bei den Dammen an den Häre si fir de 6. a 7. Dezember programméiert.

Loterie Nationale Coupe de Luxembourg (1/4-Finallen, Hären)

  • Arantia Larochette - Résidence Walfer
  • US Hiefenech (+10) - Basket Esch
  • Etzella Ettelbréck - Amicale Steesel
  • Sparta Bartreng - Mambra Mamer

Lalux Ladies Cup (1/4-Finallen, Dammen)

  • Telstar Hesper (+10) - Gréngewald Hueschtert
  • Musel Pikes ODER T71 Diddeleng* - Les Sangliers Wolz
  • AB Contern - Amicale Steesel
  • Black Frogs Schieren (+10) - Sparta Bartreng
Back to Top
CIM LOGO