Internationale FuttballEverton verléiert mat 1:3 géint Manchester United

RTL Lëtzebuerg
Chelsea hat keng Problemer mat Sheffield a wënnt 4:1 a Barcelona klappt Betis Sevilla mat 5:2.
© AFP

Premier League

Everton - Manchester United 1:3
1:0 Bernard (19.’), 1:1 Bruno Fernandes (25.’), 1:2 Bruno Fernandes (32.’), 1:3 Cavani (90.+5.’)

Everton war fréi duerch de Bernard a Féierung gaangen mee bei Manchester United war et alt nees eng kéier de Bruno Fernandes deen d’Gäscht nees zeréck an d’Spuer bruecht huet. Den 1:1 mam Kapp an den 2:1 duerch e Fräistouss. Ganz zum Schluss konnt dunn och nach de Cavani säin éischte Gol fir Manchester United schéissen an huet de Match domadder entscheet.

Chelsea London - Sheffield United 4:1
0:1 McGoldrick (9.’), 1:1 Abraham (24.’), 2:1 Chilwell (35.’), 3:1 Thiago Silva (77.’), 4:1 Werner (80.’)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

Girondins Bordeaux - Montpellier 0:2
0:1 Mollet (49.’), 0:2 Delort (66.’)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

FC Barcelona - Betis Sevilla 5:2
1:0 Dembelé (22.’), 1:1 Sanabria (45.+2.’), 2:1 Griezmann (49.’), 3:1 Messi (61.’, Eelefmeter), 3:2 Loren Moron (73.’), 4:2 Messi (82.’), 5:2 Pedri (90.’)

Mat engem Lénksschoss konnt den Dembelé Barcelona mat 1:0 a Féierung bréngen mee kuerz virun der Paus huet Betis duerch de Sanabria ausgeglach. Nëmme 4 Minutte no der Paus ass Barca awer nees a Féierung gaangen wéi de Griezmann no Viraarbecht Messi, deen an der Hallschent agewiesselt ginn ass, de Ball an de Gol schéisse konnt. An der 60. Minutt krut de Mandi vu Betis rout wéi en e Schoss op der Linn mat der Hand ofgewiert huet. De Messi huet fällegen Eelefmeter ënnert d’Lat geschoss. Trotz Ënnerzuel sinn d’Gäscht awer nees eng kéier op 2:3 erukomm duerch e Gol vum Loren Moron. Duerch 2 weider Goler vum Messi a Pedri huet Barcelona de Match dunn awer kloer fir sech entscheet.

FC Sevilla - Osasuna 1:0
1:0 Ocampos (59.’, Eelefmeter)

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Back to Top
CIM LOGO