Impressioune vum MatchFauschtdéck Iwwerraschung - Saarbrécken eliminéiert Bayern am DFB-Pokal

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend war d'Suite vun de 1/16tels-Finallen am däitschen DFB-Pokal.

Saarbrécken aus der 3. Liga huet fir eng kleng Sensatioun gesuergt. Den Drëttligist huet nämlech de groussen FC Bayern eliminéiert. D’Münchener waren an der 16. Minutt duerch de Müller a Féierung gaangen. Saarbrécken konnt kuerz virun der Paus ausgläichen. An der 96. Minutt huet de Marcel Gaus dunn d’Iwwerraschung perfekt gemaach, do huet hien nämlech fir d'2:1-Schlussresultat gesuergt.

Dortmund konnt sech am 1-Liga-Duell géint d’TSG Hoffenheim duerchsetzen duerch e Gol vum Marco Reus. Leverkusen huet iwwerdeems 5:2 beim Zweetligist Sandhausen gewonnen. Mam SC Freiburg huet sech awer och eng Ekipp aus der 1. Bundesliga iwwerraschend misse verabschiden. D’Ekipp vum Trainer Christian Streich huet mat 1:3 géint Paderborn de Kierzere gezunn.

Frankfurt huet sech mat 2:0 géint Viktoria Köln duerchgesat, iwwerdeems Mainz mam Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro vun der Hertha eliminéiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO