
Ma och wann de Begrëff éischter nei ass, gëtt et de Phänomen hannendrun, also d’Notze vum Sport, fir den eegenen Image opzewäerten, schonn zanter laangem.
Dat éischt prominent Beispill vun dëser Zort dierfte wuel d’olympesch Spiller an Däitschland am Joer 1936 sinn. Den NS-Regimm wëll Däitschland als oppenen a moderne Staat duerstellen. Den olympesche Fakel-Laf, dee bis haut zu den olympesche Spiller dozougehéiert, gouf bei dëse Spiller an d’Liewe geruff.
Bis haut ass et de Fall, dass autoritär Staaten, déi ëmmer nees wéinst der Verletzung vu Mënscherechter an der internationaler Kritik stinn, sech duerch d’Organisatioun vu grousse Sportsevenementer e besseren Image no bausse wëlle ginn. An de leschten 10 Joer stoung de Reproche vum Sportswashing ënner anerem bei den olympesche Wanterspiller 2014 zu Sotschi, de Wanterspiller 2022 zu Peking a - wuel am prominentste- bei de Futtballweltmeeschterschaften 2018 a Russland an 2022 am Katar am Raum.
E Phänomen, deen zanter der Mëtt vun den 2000er Joren ëmmer méi staark opkomm ass, ass dass sech autoritär Staate respektiv d’Herrscher vun dësen - virun allem aus der Golfregioun - iwwer Investmentfongen a “Private Equity Gesellschaften” d’Kontroll iwwer europäesch Futtballclibb geséchert hunn. Esou hält “d’Abu Dhabi United Group” zum Beispill 81 Prozent vun der City Football Group, an där hirem Besëtz sech den aktuelle Chamions-League-Gewënner Manchester City befënnt. De kataresche Staat ass iwwer “Qatar Sports Investment” zanter 2011 Besëtzer vu Paris Saint Germain an dem saudiarabesche Staatsfong gehéiert zanter 2021 80 Prozent vun New Castle United.
Et ass dann och Saudiarabien, dat rezent am Futtball am meeschte vu sech schwätze gedoen huet. Dat mat den Transferte vun enger Rei Futtballspiller aus Europa an d’Saudi Pro League. Ugefaange mam Wiessel vum Superstar Cristiano Ronaldo bei Al Nassr am Januar, iwwer dem Ballon d’or Gewënner Karim Benzema säi Wiessel bei Al-Ittihad, wou hien an Zukunft mam franséische Weltmeeschter an Champions-League-Gewënner N’Golo Kanté zesummespille wäert. Gelackelt ginn déi europäesch Stare mat Paien, déi esouguer am Verglach mat deenen am europäesche Spëtzefuttball horrend sinn. De Benzema soll bei Al-Ittihad ronn 100 Milliounen Euro d’Joer verdéngen, de Ronaldo bei Al-Nassr esouguer dat Duebelt.
Och wa Saudiarabie schonn zanter Joerzéngte Suen an de Futtball stieche géif, wier mat dem Rekrutéiere vu Spiller aus Europäesche Spëtzeklibb en neie Moment erreecht, mengt den FLF-President Paul Philipp am RTL-Interview.
Ma wat stécht hannert den Investissementer, déi Saudiarabien an de Sport am Allgemengen an de Futtball am Besonneschen tätegt? Een Aspekt, deen dacks genannt gëtt, ass dee vum Sportswashing. Saudiarabien wëll iwwert de Sport säin Image an der Welt opbesseren. Dësen ass nämlech alles anescht ewéi gutt. Zejoert goufen am Land 196 Doudesurteeler vollstreckt, 81 dovun op engem Dag. Mat positiven Noriichten aus dem Sport, wëll Saudiarabien vu sengem schlechte Ruff oflenken, mengt de Journalist an Expert fir den Noen Osten James Dorsey a sengem Blog “The Turbulent World”.
E Begrëff, deen enk mam Sportswashing verbonnen ass, ass dee vun der Soft Power. E besseren Image soll Saudiarabien nämlech och dobäi hëllefen, besser diplomatesch Bezéiungen zu anere Länner opzebauen. Dat laangfristegt politescht Zil, wier et dem Dorsey no sech als déi dominant Muecht an der arabescher Welt ze positionéieren. Virbild beim Sportswashing an direkte Konkurrent ëm den Afloss an der Golfregioun ass hei Katar.
Ma hannert den Investitiounen an de Sport stiechen och wirtschaftlech Interessen. D’Stéchwuert ass hei “Vision 2030". Déi saudesch Ekonomie soll bis 2030 däitlech méi diversifizéiert an däitlech manner ofhängeg vun Ueleg-Exporter ginn. An dësem Zesummenhang sollen d’Recettë vun der saudescher Futtball-Liga vun 112 Milliounen Euro zejoert, bannent den nächste Joren op 450 Milliounen Euro d’Joer klammen. De Maartwäert vun der Saudi Pro League soll vu 750 Milliounen op 2 Milliarden Euro an d’Luucht goen. Dofir soll d’Liga international méi kompetitiv ginn. An dat wëll een duerch d’Investitioun vu groussen Zomme Suen erreechen. Esou huet de de saudesche Staatsfong de Gros vun de Parten un de Clibb Al-Ahli, Al-Hilal, Al-Nassr an Al-Ittihad kaf. Iwwert déi nächst Joer solle ronn 20 Milliarden Euro an d’Super League fléissen.
Ma och Saudiarabie muss trotz all senge Suen aus dem Export vu Pëtrol Réckschléi a Saache Futtball astiechen. Den argentinesche Superstar a Weltmeeschter Lionel Messi huet sech trotz enger Offer aus der Saudi Pro League fir en Transfert bei Inter Miami an déi amerikanesch MLS decidéiert. Iwwerdeems huet déi spuenesch Marca rezent gemellt, dass d’Land seng Kandidatur fir d’Futtballweltmeeschterschaft 2030 zeréckgezunn hätt. Dat well déi saudesch Regierung der Meenung soll sinn, keng Chance géint déi gemeinsam Kandidatur vu Marokko, Spuenien a Portugal ze hunn. Et wéilt ee versichen d’Weltmeeschterschaft zu engem spéideren Ament ze organiséieren.