RTL-InformatiounenFlavio Becca soll säin Invest beim 1. FC Kaiserslautern iwwerdenken

Franky Hippert
Finanziell gesäit et beim Veräin aus der 3. däitscher Futtball-Bundesliga ganz schlecht aus.
© pressphoto (Archiv)

Den 1. FC Kaiserslautern bezilt bis den 30. Juni kee Loyer vum Fritz Walter Stadion, dat huet de Beirotsspriecher vum Club, den Dokter Markus Merk, en Dënschdeg no enger Meldung vum SWR confirméiert.

De Veräin aus der 3. däitscher Futtball-Bundesliga huet jo ferm finanziell Problemer. D’Stad Kaiserslautern kuckt nach, wéi si domat ëmgeet. Scho virun der Corona-Kris hat de Club vum Betzenberg d’Garantie vun 2,6 Milliounen Euro vum Flavio Becca gezunn, fir weider Liquiditéiten ze behalen. Déi Sue misste bis den 30. Juni zeréckbezuelt ginn.

Iwwerhaapt ass et d’Fro wéi et mam Lëtzebuerger Geschäftsmann beim Däitschen Traditiounsveräi weider geet. Eisen Informatiounen no, géif de Becca säin Invest beim 1. FCK nämlech iwwerdenken, dat virun allem och well eng Rei regional Investisseure sech kéinten zeréckzéien. Et gesäit nämlech esou aus, wéi wann Kaiserslautern seng bescht Spiller géif verkafen. Mam 21 Joer ale Golkipper Lennart Grill op Leverkusen ass dat jo schonn de Fall. Och den u sech beschte Spiller vum 1. FCK, Florian Pick, kéint verkaf ginn. Doduerch gesinn déi regional Investisseuren déi sportlech Zukunft méi wéi kompromettéiert. Un en Opstig an déi 2. Bundesliga wär esou net ze denken. Finanziell gesäit et ganz schlecht aus. An den Däitsche Medie geet riets, datt de rouden Däiwelen 12 Milliounen Euro feelen, fir de Spillbetrib vun der nächster Saison ze garantéieren.

Back to Top
CIM LOGO