
E Sonndeg de Mëtteg goufen nëmmen 3 Matcher an der BGL Ligue gespillt. Hei konnt sech Péiteng bei der Etzella mat 2:1 duerchsetzen a bleift domadder un der Tabellespëtzt. D’Fola huet sech géint de Champion Diddeleng duerch eng 2:1-Victoire 3 Punkte geséchert an de Racing huet sech zu Munneref mat 4:0 behaapt. D’Matcher Rodange-Rouspert, Stroossen-Jeunesse a Millebaach-Hueschtert goufe wéinst dem Reen ofgesot.
Etzella Ettelbréck - Union Titus Péiteng 1:2
0:1 Hamzaoui (13'), 0:2 Abreu (42'), 1:2 Martins da Silva Pereira (1:2)
Spëtzematch um Escher Gaalgebierg, bei deem et den F91 war, dee probéiert huet de Match an den Ufanksminutten ënner Kontroll ze bréngen. Fola ass lues a lues awer besser an d’Partie komm. An der 26. Minutt ass et du ganz geféierlech virum Diddelenger Gol ginn. No enger ofgefälschter Flank ass de Ball beim Seydi gelant, deen zum Kappball ugesat huet. Dëse Ball konnt de Joubert in extremis mat enger staarker Parad entschäerfen. Diddeleng konnt direkt reagéieren, an hat sengersäits duerch Sinani a Bernier zwou geféierlech Aktiounen. An der 38. Minutt war et dunn den Danel Sinani, dee mat enger fantastescher Aktioun den 1:0 fir seng Faarwe geschoss huet. Den Nationalspiller zitt an de Strofraum a schéisst de Ball onhaltbar an de Gol.
Ma d’Äntwert vun deenen Escher huet net laang op sech waarde gelooss. Nëmme 5 Minutte méi spéit war et de Seydi deen den 1:1 konnt markéieren. Trotz de schlechte Wiederkonditiounen hunn d’Spectateuren zu Esch eng ganz interessant 1. Halschent gesinn béi där béid Formatiounen gewëllt waren, gudde Futtball ze spillen.
Déi zweet 45. Minutten hunn sou ugefangen, wéi déi éischt opgehalen hunn. Et war alt erëm de Seydi dee per Kappball den 2:1 fir d’Lokalepipp markéiere konnt. Diddeleng hat nach duerch de Schnell a de Sinani gutt Chancen, ma et sollt um Ënn net méi duergoen.
US Munneref - Racing-Union 0:4
0:1 Mabella (65'), 0:2 Bouché (90'), 0:3 Mabella (90'+1), 0:4 Tinelli (90'+3)
Och zu Munneref haten et d’Spiller mat schwéieren Terrainskonditiounen ze dinn. Ma anescht wéi bei deenen anere Matcher, hunn d’Spectateure moere Futtball-Kascht gesinn. D’Lokalekipp war wuel beméit, ma am leschten Drëttel huet et un der néidejeger Präzisioun gefeelt. Och beim Racing ass spilleresch net all ze vill zesumme gelaf. D’Stater hunn et virun allem mat héije Bäll versicht, ma och dat sollt an der 1. Halschent net zum Erfolleg dengen. Mat engem 0:0 ass et an Paus gaangen.
De Spillrhytmus huet sech och an der 2. Halschent net wierklech geännert. Sou war et dann och Standartsituatioun déi zum 1:0 fir de Stater Racing gefouert huet. No engem Corner vum Da Mota war et den Mabella deen de Ball op de Fouss krut an de Ball an de Filet gesat huet. 1:0 Racing. An de Schlussminutte ass et dunn nach eng Kéier hellewech gaangen. An der 90. Minutt huet de Bouché den 2:0 fir de Racing geschoss. An der 1. an der 3. Minutt vun der Nospillzäit hunn dunn de Mabella a den Tinelli de Score op 3:0 a 4:0 gesat. De Racing wënnt domatt 4:0 géint Munneref.