FLF zitt NoutbremsFutsal-Championnat fir dës Saison fäerdeg, Racing net d'accord

RTL Lëtzebuerg
Als Grond nennt d'Federatioun déi uerg Incidente bei der éischter Finall vum Best-of-3 tëscht dem FC Déifferdeng an dem Racing Lëtzebuerg.

Dat hätt näischt méi mat Fairplay a Respekt ze dinn, esou d’Futtballfederatioun e Méindeg den Owend an engem Schreiwes.

Doran heescht et, datt de Verwaltungsrot decidéiert hätt, d’Championnat mat “effet immédiat” ze stoppen.

D’Saison hätt gewisen, datt et ëmmer nees zu Tëschefäll komme kéint a fir de Sportsgeescht an och d’Sécherheet vu Spiller, Arbitteren a Spectateuren ze garantéieren, wier dat déi eenzeg méiglech Mesure.

PDF: Schreiwes vun der FLF.

Back to Top
CIM LOGO