
Direkt um éischten Dag vun der Weltmeeschterschaft konnten d'Rout Léiwen an der Ekippe-Kompetitioun, der zweetwichtegster Disziplin vun enger WM, Gold gewannen. Op esou en Titel hat d’FLQ laang misse waarden. Fir d'lescht stoung Lëtzebuerg 1999 an dëser Disziplin ganz uewen um Podium.
Och am Hären-Eenzel, der sougenannter Kinneksdisziplin, huet Lëtzebuerg iwwerzeegt. Mam Gilles Mores a Christian Junk stoungen direkt zwee FLQ-Spiller zesumme mat den Däitschen André Laukmann a Marjan Leis an der Finall. Däitschland sollt an dëser awer ze staark sinn. De Marjan Leis huet sech den Titel geséchert an domat den André Laukmann no sechs Weltmeeschtertitelen hannereneen enttrount. Fir de Gilles Mores gouf et um Enn d'Bronzemedail. De Christian Junk sollt de Podium knapp verpassen.
Eng weider Goldmedail konnt d'Lëtzebuerger Delegatioun um leschten Dag am Tandem-Mixte feieren. Hei hunn de Christian Junk an d’Martine Keller sech de Weltmeeschtertitel geséchert. Och an dëser Disziplin waren d’Rout Léiwen ze staark fir Däitschland, dat sech mat Sëlwer a Bronze huet missten zefridde ginn.

Ënnert dem Stréch kënnt d’FLQ-Formatioun mat insgesamt fënnef Medailen aus Langenfeld zeréck. Déi Responsabel weise sech logescherweis zefridden: "All Spillerin a Spiller, déi hei mat dobäi waren, hunn zu 100 Prozent iwwerzeegt. Mir sinn immens houfreg op eis Rout Léiwen. Et gouf keng Enttäuschung. Mir hunn et an 10 vun 12 Disziplinnen an d’Finall gepackt. Dorop kann ee wierklech houfreg sinn", esou den Nationaltrainer Uwe Jacoby.
Och de President vun der FLQ-Sportskommissioun, de Jean-Jacques Thill, huet d’Leeschtung vun der Delegatioun ervirgehuewen: „Dës Resultater erfëllen eis mat Stolz. E grousse Merci geet un all Spillerinnen a Spiller fir hir exzellent Leeschtungen. Gläichzäiteg wëll ech och den Traineren, Betreier an allen involvéierte Persoune Merci soen. Hannert all sportlechem Succès sti vill Leit, déi mat Engagement, Erfarung an haarder Aarbecht dozou bäidroen. Meng Hoffnung ass et, dass dës Resultater Leit motivéieren, eise Sport kennenzeléieren.“