Super LeagueGeriichtsaffär géint Madrid, Barcelona a Juventus gëtt elo mol gestoppt

RTL Lëtzebuerg
D'UEFA huet decidéiert, keng weider geriichtlech Schrëtt géint déi 3 Veräiner ze maachen, déi sech an enger eegener "Super League" wollte matenee moossen.

De Status wier elo nees esou, wéi wann et déi Enquête an dee Prozess ni ginn hätt, heescht et an enger Erklärung vun der UEFA.

12 europäesch Top-Veräiner haten an der Nuecht op den 19. Abrëll hir Pläng fir d’Grënnung vun enger Super League verëffentlecht. Däitsch Veräiner haten dobäi net matgemaach. Ënner groussem ëffentlechen Drock hunn 9 vun den 12 Grënnungsmembere vun där League nees e Réckzéier gemaach. Just Real Madrid, den FC Barcelona a Juventus Turin hate sech weider bereet erkläert, un der Iddi vun enger neier Super League festzehalen.

D’UEFA hat hinne gedreet, si vun allen internationale Competitiounen auszeschléissen an och kräfteg Geldstrofe stoungen zur Diskussioun. Elo ass d’Geriichtsaffär op alle Fall mol vum Dësch, kéint awer zu all Moment nees relancéiert ginn, wann et zu neien Amenter an der Diskussioun ronderëm d’Grënnung vu sou enger Super League géif kommen.

Back to Top
CIM LOGO