Op soziale ReseauenGolkipp-Legend "Gigi" Buffon setzt Schlussstréch ënner seng Karriär

RTL Lëtzebuerg
De 45 Joer alen Italiener a bekannte Golkipp Gianluigi Buffon huet op Instagram geschriwwen: "Dat war et, Leit".
© AFP

“Dir hutt mir alles ginn. Ech hunn Iech alles ginn. Mir hu gemeinsam gewonnen.”

De Golkipp steet u sech nach bis 2024 beim Zweetligist AC Parma ënner Vertrag, ma konnt engem Accord mam Veräinschef Kyle Krause no awer selwer decidéieren, wéini et eriwwer ass mat der Karriär.

Mam Engagement bei Parma hat den “Gigi” Buffon de Krees zougemaach, do hat hien nämlech am November 1995 seng Profikarriär lancéiert. 28 Joer méi spéit ass et op der selwechter Plaz dann eriwwer.

De Gros vu sengem Succès huet hie bei Juventus Turin gehat, wou hien onënnerbrach tëscht 2001 an 2021 ënnerschriwwen hat. Am Ganzen zéng Mol huet de Buffon de Meeschtertitel gewonnen, siwe Mol den italieenesche Supercup a sechs Mol de Pokal. Dräi Mol stoung hie mat Juve an der Finall vun der Champions League, dräi Mol verluer.

Back to Top
CIM LOGO