Europa League VéierelsfinallGranada géint Manchester United an Ajax Amsterdam géint AS Roum

RTL Lëtzebuerg
Mat dobäi sinn zwou Ekippen aus England a Spuenien an all Kéier eng aus Holland, Italien, Kroatien an Tschechien.

D’Véierelsfinalle ginn den 8. an de 15. Abrëll gespillt, d’Halleffinallen den 29. Abrëll an de 6. Mee an d’Finall de 26. Mee am Stadion Miejski zu Danzeg a Polen.

D’Dueller an de Véierelsfinallen

Granada CF - Manchester United

Arsenal London - Slavia Prag

Ajax Amsterdam - AS Roum

Dinamo Zagreb - Villarreal CF

D’Matcher an den Halleffinallen

Granada/ManUnited - Ajax/Roum

Zagreb/Villarreal - Arsenal/Prag

An der Finall huet de Gewënner vun der Halleffinall 2, als Zagreb, Villarreal, Arsenal oder Prag, d’Heemrecht.

Back to Top
CIM LOGO