Internationalen Dag vum DammesportGrouss weiblech Idoler ginn et der och zu Lëtzebuerg

Lisa Weisgerber
Patrizia van der Weken, Jeanne Lehaire, Christine Majerus: Dës sinn nëmmen e puer Nimm vun grousse Lëtzebuerger Sportlerinnen. Si hu sech en Numm bis iwwert d'Grenzen vum Grand-Duché eraus gemaach.
Grouss weiblech Sport-Idoler ginn et der och zu Lëtzebuerg
De 24. Januar ass den Dag vum Dammesport. Lëtzebuerg mécht déi drëtte Kéier um Stéck dobäi mat.

Dass Fraen am Sport grouss erauskommen an zemools déi selwecht Méiglechkeete wéi Männer hunn, ass awer net onbedéngt ëmmer den Fall. Dofir gëtt et zanter 2014 scho den internationalen Dag vum Dammesport. Dësen Dag fält ëmmer op den 24. Januar. Och Lëtzebuerg mécht zanter dräi Joer mat.

Ëmmer méi Gemengen weisen den Wëllen, d’Fraen am Sport ze fërderen. Dëst Joer hunn 20 Gemengen matgemaach. Den Damme weisen, dass si genau esou gutt si wéi d’Männer, dat ass och den Message vun der néier Sportministesch.

Fir dësen Dag ze zelebréieren, ginn scho am viraus an den verschiddenste Gemengen Aktivitéiten organiséiert, esou och zu Steesel, wou all Joer een Volleyball-Tournoi ass. Egal ob Ekippen déi aus Aarbechtskolleegen zesummegestallt waren oder déi aus Klipp kommen, op deenen zwou Säite vum Netz missten zu all Moment op d’mannst dräi Fraen um Terrain stoen.

D’Work/Life/Training-Balance ass een vun den Challengen zu Lëtzebuerg. Et misst, ënnert anerem, gekuckt ginn, datt och d’Fraen zu deene bescht méiglechen Auerzäite kënnen trainéieren. Fir Virbiller am Fraesport ze hunn, muss een net iwwert Grenzen eraus kucken goen. D’Patrizia Van der Weken an d’Jeanne Lehair si beispillsweis d’Nofollgerinne vum Christine Majerus a Marie Muller.

D’Fraen hu sech een Numm am Lëtzebuerger Sport gemaach, u verschiddene Punkten misst awer nach weiderhi geschafft ginn, fir se och, zum Beispill, an den Federatioune besser vertruede wieren.

Back to Top
CIM LOGO