
An der däitscher Bundesliga war et e Sonndeg d’Suite vum 20. Spilldag. E Samschdeg huet sech ënnert anerem scho Mainz doheem souverän mat 3:1 géint Augsburg duerch gesat a Bayern huet Bochum 3:0 geklappt.
Hertha hat Besuch vu Gladbach. Béid Ekippen hunn am Joer 2023 nach net wierklech iwwerzeegt. Berlin ass besser an de Match komm an huet sech vun Ufank un gewellt gewisen déi éischt dréi Punkte fir dëst Joer ze huelen. Et sollt awer Gladbach sinn déi no engem Eckball per Kappball vum Elvedi mat 1:0 a Féierung gaange sinn. Gladbach hat zu dësem Zäitpunkt de Match am Greff. An der 30. Minutt huet den Nganka aus dem Näischt den 1:1-Ausgläich markéiert, mam Gläichspillt sollte béid Ekippen an d’Paus goen.
Nom Säitewiessel sollt sech dunn een anert Bild weisen. Hertha ass engagéiert aus der Kabinn komm an huet sech an der 52. Minutt mat engem Dramgol aus ronn 23 Meter duerch den Dardai belount. Gladbach huet wuel probéiert den Ausgläich ze markéieren, Chancen haten si awer kaum. An esou hunn de Scherhant a Lukebakio an der Nospillzäit den Deckel fir d’Hertha drop gemaach. Hertha steet elo op der 16. Plaz iwwerdeems d’Fohlen op der 10. Plaz an der Tabell stinn.
An der Owespartie krut et Köln mat Frankfurt ze dinn. Bei Köln souz de Mathias Olesen um Ufank op der Bänk. An engem ausgeglachenem Match ouni all ze vill Chancen hat Frankfurt an der éischter Hallschent wuel méi Spillundeeler, ouni dass Kolo Muani a Co. de Schwäbe am Kölner Gol awer wierklech geféierlech gepréift hätten. Mat engem 0:0 ass et an d’Paus gaangen.
Nom Säitewiessel huet et net laang gedauert - an de Ball louch am Filet vun de Frankfurter. No engem Eckball war et den Hübers deen d’Geißböcke a Féierung geschoss huet. Mat der Awiesslung vum Adamyan an Olesen an der 67 Minutt krut Köln nach eng Kéier nei Impulser vun der Bänk. Kuerz dorop sollt de Skhiri no engem Konter mam 2:0 an der 71. Minutt fir eng Virentscheedung suergen. De Skhiri huet mam 3:0 mat sengem zweete Gol kuerz viru Schluss fir d’Entscheedung gesuergt. Köln gewënnt iwwerraschend däitlech no enger effizienter Leeschtung mat 3:0 géint Frankfurt.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.