Um Sonndeg stoung de 25. Spilldag an der BGL Ligue um Programm.
An enger animéierter Spëtzepartie tëschent Hesper an Diddeleng gouf et eng 4:3-Victoire fir de Swift.
D’Partie huet direkt mat vill Tempo ugefaangen an Hesper war an enger éischter Phas déi besser Ekipp. D’Heemekipp sollt sech no engem Corner dann och mam 1:0 duerch den Danté belounen. D’Gäscht hunn awer direkt reagéiert a sech och Chancen erausgespillt. No engem Schoss vum Sinani aus kuerzer Distanz huet den Dupire am Hesper Gol mat de Féiss misse paréieren. Den F91 huet weider mat vill Elan no vir gespillt an huet kuerz virun der Paus den Ausgläich duerch de Bojic markéiert. Duerch dësen Erfolleg huet Hesper elo 6 Punkten Avance op den F91 an der Tabell.
No der Paus sollt d’Partie nach méi geckeg ginn. Diddeleng ass staark aus de Kabinne komm an ass duerch Goler vu Skenderovic a Freire 3:1 a Féierung gaangen. Hesper huet sech awer net geschloe ginn. Der Heemekipp ass et innerhalb vu 6 Minutte gelongen, de Match komplett ze dréinen. De Philippe, de Belameiri an de Stolz hunn tëschent der 73. an der 79. Minutt dräimol de Ball am Filet ënnerbruecht an aus engem 1:3 e 4:3 gemaach.
Am Verfolgerduell huet sech de Progrès zu Péiteng mat 2:0 behaapt.
An der 1. Hallschent ass net vill geschitt a béid Ekippe hu probéiert, kee Géigegol zouzeloossen. Dat sollt hinnen och geléngen soudass d’Säite mat engem 0:0 gewiesselt si ginn. Kuerz nom Téi sinn d’Gäscht duerch de Filet a Féierung gaangen. No der rouder Kaart fir de Péitenger Steinmetz hunn d’Gäscht d’Partie géréiert. Den de Almeida huet mat sengem Eelefmetergol an der 65. Minutt den Deckel op d’Partie gemaach.
Hesper - F91 Diddeleng 4:3
1:0 Danté (12'), 1:1 Bojic (43'), 1:2 Skenderovic (53'), 1:3 Freire (60'), 2:3 Philippe (73'), 3:3 Belameiri (76'), 4:3 Stolz (79')
Péiteng - Progrès Nidderkuer 0:2
0:1 Filet (47'), 0:2 de Almeida (65', Eelefmeter)
Monnerech - Racing 0:1
0:1 Ahmetxhekaj (86')
Stroossen - Hueschtert 2:0
1:0 A. Agovic (16'), 2:0 Baiverlin (90')
Etzella - Jeunesse 3:0
1:0 D. da Mota (58'), 2:0 Fernandes (72'), 3:0 Sery (85')
Fola - Wolz 1:2
1:0 Correia (25'), 1:1 Philipps (28'), 1:2 Timmermans (80')
Déifferdeng - Rouspert 4:0
1:0 Franzoni (11'), 2:0 Ambrosio Simoes (42'), 3:0 Naïfi (49'), 4:0 Pomponi (67')
Munneref - Käerjeng
0:1 Fostier (36', Eelefmeter), 1:1 Benamra (75')