EM-QualifikatiounHistoreschen Debakel fir Lëtzebuerger Nationalekipp géint Portugal

RTL Lëtzebuerg
Et war eng historesch Defaite, déi gewisen huet, datt ee villäicht awer nach net sou wäit ass, wéi ee bis ewell gemengt huet.
Historeschen Debakel fir Lëtzebuerger Nationalekipp géint Portugal
Et war eng historesch Defaite, déi gewisen huet, datt ee villäicht awer nach net sou wäit ass, wéi ee bis ewell gemengt huet.

Et war een Owend fir ze vergiessen. No der gudder Prestatioun géint Island gouf et e Méindegowend ee richteg batteren Réckschlag, wéi déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp mat 0:9 géint Portugal zu Faro verluer huet.
Déi lescht Defaite vun dëser Gréisstenuerdnung geet zeréck an d’Joer 1982. Deemools huet ee sech géint England mat 0:9 misse geschloen ginn. Och ouni dee gespaarte Cristiano Ronaldo war e Méidneg géint Portugal kee Kraut gewuess. Op allen Niveaue waren d’rout Léiwen ënnerleeën an et war quasi e Copy-Paste vum Allersmatch.

Ouni de gespaarte Christopher Martins an dee blesséierte Mathias Olesen gouf Lëtzebuerg an der Ufanksphas iwwerrannt an an der Paus louch d’FLF-Selektioun well 0:4 hannen. An den zweete 45 Minutten huet Portugal eis Jongen du reegelrecht virgefouert. 16 Goler hunn d’rout Léiwen an der EM-Quali bis dato geschoss kritt. Dovun ee géint Island a ganzer 15 Stéck an deenen zwee Matcher géint Portugal.

Et gëllt sech lo nees séier opzerappelen, fir déi nächst ganz wichteg Lännermatcher am Oktober géint Island an d’Slowakei ze attackéieren. D’Slowake konnte sech e Méindeg 3:0 géint Liechtenstein duerchsetzen an hunn domadder deen alen Ecart vun 3 Punkten Avance op Lëtzebuerg nees hiergestallt.

An awer huet d’FLF-Selektioun eng eventuell Qualifikatioun nach ëmmer an eegener Hand. D’Goldifferenz ass definitiv elo am Eemer, trotzdeem huet een e Méindegowend “nëmmen” 3 Punkte leie gelooss.

Back to Top
CIM LOGO