Fir 103 Milliounen EuroJude Bellingham wiesselt vun Dortmund bei Real Madrid

RTL Lëtzebuerg
Aus dem Futtball ass et d'Nouvelle, datt den Jude Bellingham vun Dortmund bei Real Madrid wiesselt, dat huet de BVB via Ad-hoc-Schreiwes confirméiert.
© AFP (Archiv)

No méintelaange Spekulatiounen ass de Wiessel vum Jude Bellingham bei Real Madrid esou gutt wéi perfekt. E Mëttwoch huet Borussia Dortmund seng Aktionäre via Ad-hoc-Meldung doriwwer informéiert, datt sech all d’Parteien op e Wiessel verstännegt hätten. Nëmmen d’Detailer am Kontrakt sinn elo nach ze definéieren an ze dokumentéieren, sou de BVB.

Fir de Bellingham, deem säi Kontrakt nach bis 2025 gülteg war, kritt Borussia Dortmund eegenen Informatiounen no eng fix Zomm an Héicht vun 103 Milliounen Euro, déi duerch Bonien nach weider an d’Luucht goe kann. Deemno kéinten nach maximal ronn 30 Prozent dobäikommen, also knapp 34 Milliounen Euro - ofhängeg vum Succès vum Real an dem Bellingham senge Leeschtungen “am Zäitraum vun den nächste sechs Saisonen.” Domadder dierft och kloer sinn, datt de Bellingham bei Real bis 2029 ënnerschreift.

Back to Top
CIM LOGO