Serie Sportler a Corona-Zäiten (13) Keng einfach Zäite fir d'Ekippesportler

Tim Hensgen
An eiser Serie iwwert de Lëtzebuerger Sport an der Corona-Kris weise mer Iech, ewéi d'Ekippesportler mat der Situatioun ëmginn.
Keng einfach Zäite fir d'Ekippesportler
An eiser Serie iwwert de Lëtzebuerger Sport an der Corona-Kris weise mer Iech am 13. Deel, ewéi d’Ekippesportler mat der Situatioun ëmginn.

Dofir hu mer bei der Volleyballspillerin Nathalie Braas a beim Futtballspiller Mathias Jänisch nogefrot. A bei deenen zwee gesäit den Alldag ganz änlech aus.
Fir d’Nathalie Braas an den Doublégewënner Walfer ass d’Saison eigentlech gutt verlaf. D’Ekipp vum Ben Angelsberg stoung an der Finall vum Championnat an an der Halleffinall vun der Coupe. Et gëtt zanter dem 7. Mäerz awer guer net méi gespillt, weder um Competitiouns- nach um Trainingsniveau.

Volleyball ass kee Sport, deen ee kann doheem maachen. Et huet ee keng Ekipp an et huet ee keen Terrain. D’Ballgefill verléiert een dann och no 3-4 Wochen.”, erzielt d’Nathalie Braas vum RSR Walfer.

D’Nathalie Braas probéiert sech iergendwéi fit ze halen, och wa kee weess, wéi et weidergeet. D’Federatioun huet fir no Ouschteren 3 Propose gemaach, mä et gëtt net einfach, eng vun deenen ëmzesetzen.

D’Nathalie Braas mécht dat Bescht aus der Situatioun, mä ass genau ewéi déi meescht aner Lëtzebuerger doheem e bëssen agespaart.

Ech schaffen an engem Kompetenzzenter. Mir hu relativ séier zougemaach a gräifen op Télétravaile zeréck. Soss schaffen ech mat de Kanner am Zenter, elo ass alles op Konzept- a Rapport-Aarbecht reduzéiert.

De Mathias Jähnisch hat dës Saison och op en Titel gehofft. Dofir war den Nationalspiller extra an der Wanterpaus vun Déifferdeng op Nidderkuer gewiesselt. Mä dorunner denkt de Futtballer de Moment mol net méi. Et ginn aner Saachen, déi méi wichteg sinn.

Natierlech huet de Coronavirus och mäin Alldag beaflosst. Ech schaffe vun doheem aus, wat ech net gewinnt sinn. Sportlech gesinn, krut ech en Trainingsprogramm vu menger Ekipp. Dat si Laf- a Muskulatiounsübungen, déi ech an der Mëttesstonn oder no der Aarbecht absolvéieren.

Dem Mathias Jänisch feelt genee ewéi dem Nathalie Braas de Rhythmus vum Training an de Matcher, awer och den Ekippegeescht, deen e soss a sengem Alldag gewinnt ass. Dofir kënnen déi zwee et net erwaarden, bis et erëm lassgeet.

D’Serie “Sportler a Corona-Zäiten am Replay” am Replay

Serie Sportler a Corona-Zäiten (1): De Kamil Rychlicki iwwer seng aktuell Situatioun an Italien Serie Sportler a Corona-Zäiten (2): Dan Lorang: Nieft de Sportler hunn d’Traineren et och net einfach Serie Sportler a Corona-Zäiten (3): Raphael Stacchiotti: Training a Quarantän Serie Sportler a Corona-Zäiten (4) : Vera Hoffmann a Charel Grethen: Trainingslager oofgebrachSerie Sportler a Corona-Zäiten (5): Nadia Mossong: Mam Coronavirus och d’Enn vun der Profi-Karriär? Serie Sportler a Corona-Zäiten (6): De Ken Diederich betreit seng Schüler elo iwwer Internet Serie Sportler a Corona-Zäiten (7): De Julien Henx schafft weider u sengem groussen Zil Serie Sportler a Corona-Zäiten (8): De Laurent Jans iwwer d’Situatioun beim Bundesliga-VeräinSerie Sportler a Corona-Zäiten (9): Fir d’Christine Majerus muss de Sport elo Niewesaach sinnSerie Sportler a Corona-Zäiten (10): D’Anne Simon ass zeréck aus den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (11): Danel Sinani krut gutt Nouvellen an dëse schwéieren ZäitenSerie Sportler a Corona-Zäiten (12): Karate

Back to Top
CIM LOGO