
Um WTA Tournoi zu Dubai huet déi mëttlerweil 36 Joer al Belsch, am éischten Tour, an 2 Sätz mat 2:6 a 6:7 (6:8) géint d’Spuenierin Garbine Muguruza verluer.
Zanter 2012 war déi fréier Nummer 1 vun der Welt, net méi op der Tour ënnerwee. Si wéilt awer elo nees attackéieren, an am Mäerz beispillsweis zu Monterrey a Mexiko opschloen.