
Am Grupp B konnt Holland sech kloer mat 6:0 géint Gibraltar duerchsetzen. Am Match Frankräich géint Griichenland gouf mat engem 2:2 gläichgespillt, ma Frankräich war, grad ewéi Holland, scho fir d’EM an Däitschland qualifizéiert.
Am wichtege Match am Grupp D ass et Kroatien mat engem 1:0 géint Armenien gelongen, sech direkt fir d’EM an Däitschland d’nächst Joer ze qualifizéieren. fir Wales bleift nom 1:1 géint d’Tierkei iwwerdeems nëmmen nach de Wee iwwer d’Nations League Playoffs, fir sech fir d’EM ze qualifizéieren.
Am Grupp I huet Belarus de Kosovo mat 1:0 geklappt. Trotz 1:0 vu Rumänien géint d’Schwäiz ännert sech fir béid Ekippen näischt, well si sech scho fir d’Europameeschterschaft qualifizéiert hunn. Israel huet iwwerdeem Andorra mat 2:0 geklappt.