
D’Marie Weckerle huet sech am Eenzel kloer mat 6:4, 6:2 géint d’Tea Nikcevic duerchgesat. Den Eenzel tëscht dem Lucie Rabiot an dem Anja Draskovic war méi ëmkämpft. Beim Stand vun 3:6, 7:5, 4:1 fir d’Lucie Rabiot huet d’Géignerin aus dem Montenegro dunn awer am 3. Saz missten opginn. Am Dubbel gouf et eng 6:1, 6:0-Victoire fir d’Claudine Schaul an d’Erna Brdarevic géint d’Stasa Bulatovic an d’Petra Mirkovic.
E Méindeg haten d’Lëtzebuergerinnen sech scho mat 3:0 géint den Aserbaidjan duerchgesat. E Mëttwoch steet den drëtten a leschte Spilldag am Grupp C um Programm. Hei trëfft Lëtzebuerg op Irland. D’Spillerinnen aus Irland konnten och hir zwee éischt Matcher géint Montenegro an Aserbaidjan gewannen. Sollten d’FLT-Spillerinnen dës Renconter zu hire Gonschten entscheeden, spille si vun en Donneschdeg u géint d’Gewënner aus de Gruppen A a B ëm den Opstig an d’Europa/Afrika-Grupp II.