Nations LeagueLëtzebuerg klappt den Aserbaidjan mat 2:1

RTL Lëtzebuerg
Mat engem dominante Match kënne sech d'Lëtzebuerger duerch en Eegegol vum Krivotyuk an engem Eelefmeter vum Rodrigues mat 2:1 duerchsetzen.
© pressephoto (Archiv)
Lëtzebuerg klappt den Aserbaidjan mat 2:1
Mat engem dominante Match kënne sech d’Lëtzebuerger duerch en Eegegol vum Krivotyuk an engem Eelefmeter vum Rodrigues mat 2:1 duerchsetzen.

An der éischter Hallschent hat Lëtzebuerg de Match am Grëff an hunn ab der 26. Minutt an Iwwerzuel gespillt. Mat hirer eenzeger Chance huet den Aserbaidjan an der 43. Minutt awer den 0:1 geschoss. Direkt no der Paus hunn d’Roud Léiwen awer duerch en Eegegol zeréckgeschloen éier de Rodrigues per Eelefmeter fir d’Victoire konnt suergen. Dës Victoire ass opgrond vun der Dominanz vun de Lëtzebuerger och absolut verdéngt.

Reaktiounen nom Match
De Lëtzebuerger Nationaltrainer war zefridden mat der Leeschtung vu senge Spiller. Just d’Realisatioun virum Gol hat en an der éischter Hallschent vermësst.

Am zweete Match vum Grupp konnt sech Montenegro mat 2:0 géint Zypern duerchsetzen.

De Resumé vum Match Aserbaidjan - Lëtzebuerg

Schonn direkt an der 3. Minutt hat Lëtzebuerg déi éischt richteg grouss Chancen op den 1:0. De Carlson huet den Oli Thill am Strofraum an Scene gesat, deen huet an d’Mëtt op den Deville gespillt mee deen huet aus 10 Meter ze zentral ofgeschloss an domadder konnt de Balayev paréieren.

An den éischte Minutte stoungen d’Roud Léiwen dann och ganz héisch an hunn Aserbaidjan ënner Drock gesat. No 10 Minutten ass awer och d’Heemekipp besser an de Match komm a konnten sech bësse vum Drock befreien.

No engem Feeler vum Martins um Emereli an der 26. Minutt, huet sech den Aserbaidjaner eng ganz onnéideg Tätlechkeet géint de Martins geleescht andeems e mam Fouss nogerannt huet a krut domadder déi rout Kaart.

An der 43. Minutt huet sech de Carlson op der lénker Säit ausspille gelooss an an der Mëtt konnt de Sheydaev fräi an de laangen Eck akäppen. Dëst war déi éischt Chance fir Aserbaidjan an dësem Match.

Den 1:0 fir Aserbaidjan
No enger Flank vu riets konnt de Sheydaev an de laangen Eck akäppen.
Highlights vun der 1. Hallschent
Lëtzebuerg hat de Match am Grëff mee krut kuerz virun der Paus dunn awer nach den 0:1 geschoss.

D’Roud Léiwen si gutt aus der Paus komm a konnten nëmmen 3 Minutten nom Téi op 1:1 ausgläichen. No enger gudder Kombinatioun virum Strofraum war et schlussendlech de Krivotyuk deen de Ball aus 10 Meter laanscht säin eegenen Golkipp gedréckt huet..

Den 1:1 duerch de Barreiro
No engem gudden Zesummespill virum Strofraum huet de Krivotyuk de Ball an den eegene Gol gedréckt.

An de Minutten dono goufen et keng grouss Chancen am Match mee an der 72. Minutt huet de Nagiev de Ball a Golkippmanéier mat der Hand gespillt an den Arbitter huet op de Punkt gewisen. De Rodrigues huet sech net biede gelooss an den Eelefmeter fir den 2:1 an de Gol geschoss.

Den 2:1 duerch de Rodrigues
No engem Handspill krut Lëtzebuerg en Eelefmeter zougesprach.

Nom 2:1 ass Aserbaidjan méi wäit erausgeréckelt fir den Ausgläich ze schéissen. D’Lëtzebuerger sinn awer roueg bliwwen an hunn an der Defense net vill zougelooss.

Highlights vun der 2. Hallschent
No der Paus ass Lëtzebuerg dominant bliwwen a gewënnt schlussendlech ganz verdéngt mat 2:1.

De Resumé vum Match Zypern - Montenegro

Am zweete Match vum Lëtzebuerger Grupp konnt sech Montenegro mat 2:0 duerch zwee Goler vum Jovetic duerchsetzen.

Zypern - Montenegro 0:2
Duerch 2 Goler vum Jovetic konnt sech Montenegro mat 2:0 duerchsetzen.

Weider Resultater vun der Nations League

Klickt hei, fir op den Artikel mat de weidere Resultater vum Samschdeg ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO