Broschtkriibslaf 2026Neie Rekord mat iwwer 3.000 Leeferinnen a Leefer

Christophe Hochard
Am Hesper Park gouf sech fir de gudden Zweck beweegt.
Dëst Joer konnt en neie Rekord bei de Participante verzeechent ginn.
© Fernand Schmitz

Fir d'24.Kéier gouf vun "Europa Donna Lëtzebuerg" de Broschtkriibslaf organiséiert. Bei dëser Editioun gouf en neie Rekord opgestallt wat d'Zuel u Participante ubelaangt. Iwwer 3.000 Leit hunn deelgeholl. Zanter e puer Joer gëtt dëst Evenement zu Hesper am Park organiséiert. Op enger Distanz vu 5 Kilometer kann ee lafen, joggen oder einfach nëmme goen. Ronn 90 Benevoller hunn um Samschdeg eng Hand mat ugepaakt. 

Fir sou een Event op d'Been ze stellen, brauch ee vill Fräiwëlleger.
© Fernand Schmitz

Den Oktober ass de Mount vun der Sensibilisatioun ronderëm de Broschtkriibs. Eng vun 8 Fraen hei zu Lëtzebuerg ka wärend hirem Liewe vu Broschtkriibs betraff ginn. Genetesch an Ëmweltfacteure kënne responsabel fir Broschtkriibs sinn. Wichteg wär et, seng Brëscht reegelméisseg ofzetaaschten a beim Depistage matzemaachen. 

2025 goufen zu Lëtzebuerg 26.131 Mammografien duerchgefouert. An 146 Fäll gouf Kriibs diagnostizéiert. D'Mammografie adresséiert sech u Fraen am Alter tëscht 45 a 74 Joer. 

Déi eng si gelaf, déi aner gejogged, nach anerer si getrëppelt. Haaptsaach geet et drëm, dobäi ze sinn.
© Fernand Schmitz

2027 gëtt de Broschtkriibslaf vun "Europa Donna Lëtzebuerg" um Samschdeg, 2.Oktober organiséiert. 

Back to Top
CIM LOGO