U21-EM-QualifikatiounLëtzebuerg verléiert mat 0:2 a Serbien

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend war d'Lëtzebuerger U21-Futtballnationalekipp nees an der Qualifikatioun fir d'EM 2025 an der Slowakei gefuerdert.
© RTL-Archivbild

Am 6. Match vun der EM-Qualifikatioun gouf et déi 5. Néierlag fir d’Lëtzebuerger U21-Futtballnationalekipp. D’Ekipp vum Dan Huet huet sech en Dënschdeg den Owend missen a Serbien mat 0:2 geschloe ginn.

De Ratkov hat Serbien an der 13. Minutt mat 1:0 a Féierung bruecht. An der 30. Minutt huet de Lucic vum Punkt fir den 2:0 gesuergt, dat sollt um Enn och d’Schlussresultat sinn. Op Lëtzebuerger Säit hat de Sousa de Ratkov gefoult, wat zum Eelefmeter gefouert hat.

Am Grupp F steet Lëtzebuerg mat 3 Punkten op der leschter Plaz. Leader ass d’Ukrain mat 15 Punkten um Konto.

Back to Top
CIM LOGO