
Iwwer 1.200 Leit aus allen Altersgruppen a Regiounen hu matgemaach. Si missten an engem Quiz bestëmmte Begrëffer fannen (Wéi heescht de Mann mat der Päif?) oder tëscht zwou méiglechen Optiounen (Sot Dir Arbitter oder Schidsriichter?) wielen. De Sproochmates huet dës Begrëffer du matenee verglach a sech dobäi virun allem fir lexikalesch Dubletten ewéi eeben Arbitter/Schidsriichter oder Une-Deux/Doppelpass intresséiert.
Eraus koum, datt bei dësen Dubletten emol dee Begrëff, deen änlech wéi am Franséischen ass (zum Beispill Ekipp, mee net Mannschaft), emol dee Begrëff, deen änlech wéi am Däitschen ass (zum Beispill Fräistouss, mee net Coup franc), preferéiert gëtt.
Allgemeng ginn awer déi Begrëffer, déi méi no um Däitsche sinn (Schidsriichter/Doppelpass), méi dacks gewielt, wat d’Persoune méi jonk sinn. Wärend déi Begrëffer, déi méi no um Franséische sinn (Arbitter/Une-Deux) ëmmer manner gewielt ginn.
E weideren Zesummenhang besteet mat der allgemenger Präferenz vun de Persoune fir déi eng oder déi aner vun eisen Nopeschsproochen: Déi, déi si méi dacks benotzen a besser beherrschen, huet jeeweils en Afloss op de Choix vum Begrëff.

De Fuerscher ka mat der Etüd aner Fuerschunge bestätegen, déi weisen, datt den Afloss vum Franséischen op d’Lëtzebuergescht ofhëlt – och wann dat Franséischt ëmmer nach vill am Grand-Duché geschwat gëtt. Den Afloss vum Däitschen hëlt parallel zou. De “Kinnek Futtball” begeeschtert also net nëmmen um Terrain, mee kann och hëllefen, Verännerungen an Tendenzen am Lëtzebuergeschen ze weisen an ze erklären.
Weider Detailer vum Dr. François Conrad zu senger Etüd fannt Dir hei. an um Internetsite www.francoisconrad.com.