
Beim Marathon Mont-Blanc kënnt d'Lëtzebuergerin Michèle Hilger-Henricy um Enn op Plaz 1190 am Generalklassement, op Plaz 219 ënnert den Dammen an op Plaz 1 an hirer Kategorie (M5 F).
Mam Dossard 2310 ass si un den Depart vun der 42km-Course gaangen an koum no 8 Stonnen, 5 Minutten an 18 Sekonnen iwwert den Zilstréch.
Op Plaz 2 an der Klass kënnt d'Franséisin Magali Machin, 4min53 hannert der Lëtzebuergerin. De Podium an där Klass gëtt komplettéiert vun der Hollännerin Iris Seijsener.
Nieft der Michèle Hilger-Henricy war och nach d'Carole Felgen an der Kategorie M3 F ugetrueden. Si huet awer mussen opginn.
Bei den Häre war nach de Frank Goetzinger um Depart, dat an der Kategorie M3 H. Hien huet 9 Stonnen, 40 Minutten an 17 Sekonne fir déi 42km gebraucht a gëtt um Enn den 1.884ten am Generalklassement. A senger Kategorie ass et Plaz 114.
D'Course gouf iwwregens vum Schwäizer Remi Bonnet gewonnen, dat an enger Zäit vun 3 Stonnen 33 Minutten a 14 Sekonnen.
Alles an allem waren 2.048 Leeferinnen a Leefer iwwert d'Distanz vun 42 Kilometer an d'Zil komm, 228 hu mussen opginn.