
E Sonndeg stoung zu Paräis eng weider Editioun vun der Diamond League um Programm. D'Patrizia van der Weken war dës Kéier net un den Depart gaangen, dofir awer de Ruben Querinjean. De Liichtathleet war mat 21 anere Leefer op 3000 Meter Steeple geschéckt ginn. Vläicht wéinst der Hëtzt konnt de Querinjean net seng bescht Leeschtung ofruffen. De 25 Joer ale Lëtzebuerger gouf um Enn den Eeleften an enger Zäit vun 8 Minutten 15 Sekonnen a 45 Honnertstel (8:15,45). Domat blouf hie 6 Sekonnen iwwert senger perséinlecher Beschtzäit, déi hien 2025 zu Bréissel opgestallt hat (8:09,47).
D'Course am Stade Charléty gouf vum Däitsche Karl Bebendorf (8:05,55) virum Äthiopier Gemechu Godana (8:05,86) an dem Kenianer Edmund Serem (8:08,54) gewonnen.