Internationale FuttballLiverpool net ze stoppen: Reds gewannen och géint Wolverhampton

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg war et den Ofschloss vum 20. Spilldag an der Premier League. Fir Chelsea gouf et een Erfolleg géint Arsenal a Liverpool konnt nees gewannen.
© afp (Archiv)

Schonn e Samschdeg konnt Leicester d’Tabelleplaz 2 bei der 2:1-Victoire géint West Ham United verdeedegen. E Sonndeg stoungen dunn nach 3 Partien um Programm mat interessanter Participatioun. Am London-Derby gouf et eng Victoire fir d’Auswäertsekipp, dat obwuel d’Ekipp vun der Stamford Bridge an der Paus zerécklouch. Liverpool huet dat Néidegst géint Wolverhampton gemaach a sech déi 3 Punkte geséchert an och City war erfollegräich.

Manchester City - Sheffield United 2:0

1:0 Agüero (53'), 2:0 De Bruyne (82')

City huet géint d’Iwwerraschungsekipp vun der Hironn Sheffield United näischt ubrenne gelooss. D’Skyblues konnte sech mat 2:0 behaapten. No enger 1. Hallschecht ouni Goler konnt den Argentinier Agüero de Score am eegene Stadion opmaachen: aus kuerzer Distanz huet hien dem Kipper vum Underdog keng Chance gelooss. Och den De Bruyne blouf virum Gol äiskal, wéi hien de Score an der Schlussphas vun der Partie op 2:0 eropgeschrauft huet.

D’Ekipp vum Trainer Guardiola huet deemno am eegene Stadion géint den Opsteiger hir Aufgab gemaach. Dëst war de leschte Match an der Premier League an dësem Joer.

FC Liverpool - Wolverhampton Wanderes 1:0

1:0 Mané (42')

De Leader vun der Premier League hat mat de Wolverhampton Wanderes een zolitte Géigner virun der Broscht. Deementspriechend zéi war dat Liverpooler Ugrëffsspill an den éischte Minutten. Et huet bis kuerz virun d’Paus gedauert, éier de Mané fir d’Reds markéiere konnt. De Gol gouf vum Video-Arbitter kontrolléiert, ma um Enn awer ginn. D’Äntwert vun de Wolves nëmmen e puer Minutte méi spéit, ma och dëse Gol gouf vum Arbitter méi genee ënnert d’Lupp geholl a schliisslech net ginn.

Et goung deemno mat e bësse Chance mat engem Avantage fir den Champions-League-Gewënner vun 2019 op den Téi. An den zweete 45 Minutte si keng Goler méi gefall, Liverpool huet d'1:0-Féierung deemno iwwer d’Zäit bruecht, ouni awer dobäi ze glänzen. Fir d’Reds war et déi 18. Victoire am 19. Saisonsmatch - Liverpool huet ee Match manner.

FC Arsenal - FC Chelsea 1:2

1:0 Aubameyang (13'), 1:1 Jorginho (83'), 1:2 Abraham (87')

Arsenal ass an der Tabell am ënneschte Mëttelfeld ënnerwee a wollt e Sonndeg am London-Derby géint Chlesea een Ausruffzeeche setzen. D’Gunners sinn och fréi duerch den Aubameyang a Féierung gaangen. Op Corner ass de Ball op de Gabuner vum Chambers verlängert ginn an den Ex-Dortmunder huet fir den 1:0 eragekäppt.

No der Paus goung een interessante Match weider, deen an de leschten 10 Minutte ganz turbulent gouf. Den Arsenal Kipper Leno huet bei engem laange Ball an d’Mëtt net gutt ausgesinn an ass ënnert der Flank erduerch gesprongen. Dovu profitéiere konnt de Jorginho, deen an den eidele Gol fir den 1:1 ausgläiche konnt. Wéineg méi spéit koum fir d’Blues dunn nach d’Kiischt um Kuch, wéi den Abraham op Konter d’Partie komplett gedréit huet.

Um Enn gouf et eng 2:1-Victoire fir d’Ekipp vum Trainer Frank Lampard. D’Jonge vum Neitrainer Mikel Arteta fannen no engem weidere Mësserfolleg nach ëmmer net an d’Spuer.

D'Freed beim Frank Lampard an de Blues war no der Victoire géint Arsenal grouss.
D’Freed beim Frank Lampard an de Blues war no der Victoire géint Arsenal grouss.
© AFP

Back to Top
CIM LOGO