Kritik un NationalekippLuc Holtz: "Dat ass onsachlech, lächerlech, ... a penibel"

RTL Lëtzebuerg
Den 49 Joer alen FLF-Coach Luc Holtz ass zanter 9 Joer Responsabel vun der A-Futtballnationalekipp.
© pressphoto Archiv

An 79 Matcher gouf et 17 Victoiren a 15 Remisen. An deene leschten 12 Méint hunn d’Rout Léiwen an 12 Partien 8 Mol gewonnen oder gläichgespillt. An dach ass ëmmer nees Kritik ze héieren. De Lëtzebuerger Nationaltrainer Luc Holtz betount, dass d’Fro déi ee misst stellen, déi ass, wéi eng Leit nach ëmmer Kritik ausüben. De Luc Holtz stellt fest, dass et dacks fréier Spiller wieren oder e gewëssene fréieren Trainer. Den FLF-Coach ënnersträicht, dass hie sech net op esou en Niveau wëll erofloossen, well hien dat net absolut net ubruecht fënnt. Wann een zu dësem Zäitpunkt d’Ekipp an den Trainer nach ëmmer géing kritiséieren, da wier een einfach net sachlech. Dat wier lächerlech, peinlech a penibel, esou d’Wierder vum Luc Holtz. Wann een d’Ekipp géing gesi spillen an et géing een d’Aart a Weis an d’Resultater mat deene vu fréier vergläichen, da misst een déi haiteg Leeschtung unerkennen. De Luc Holtz mengt, dass déi Leit, déi dat nach géinge kritiséieren, géinge vu Jalousie opgefriess ginn an dass hire Frust méi grouss wier wéi d’Unerkennung vun der Leeschtung vun der Ekipp vun haut an dat wier schued.

De Luc Holtz iwwer Kritik

Déi nächst Partie vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp ass den 2. Juni. Dat ass e Frëndschaftslännermatch géint Madagaskar an dat am Virfeld vun den EM-Qualifikatiounsmatcher a Litauen an an der Ukrain.

An den nächste Wochen: Gespréicher iwwer Kontraktverlängerung vum Luc Holtz

Et ass gewosst, den 31. Dezember leeft dem Futtball-Nationaltrainer Luc Holtz säi Kontrakt aus.

No de staarken Optrëtter vun de Roude Léiwen an den zwee éischte Matcher an der EM-Qualifikatioun, mat der 2:1-Victoire géint Litauen an der onglécklecher 1:2-Defaite géint d’Ukrain stelle sech vill Leit an der Lëtzebuerger Futtball-Welt d’Fro, firwat den FLF-Coach nach net verlängert krut.

Luc Holtz Kontrakt/Reportage Franky Hippert

Et kann ee sech natierlech virstellen, datt no de rezenten Optrëtter vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp och den FLF-Coach vun auslännesche Veräiner kontaktéiert gouf. De Luc Holtz betount, dass een en Trainer net op dat beuerteele soll, wat en an engem Match leescht, mä op dat, wat en iwwert eng länger Zäit geleescht huet. De Luc Holtz huet dann och zouginn, dass hien an de leschte Woche schonns méi dacks kontaktéiert ginn ass, ma hien erkläert, dass hie bis elo nach all Offer ofgeblockt hätt. De Luc Holtz wollt awer net verroden, vu wiem hie kontaktéiert gouf.

Vill Futtballsupporter hunn eis an de leschten Deeg d’Fro gestallt, firwat de Luc Holtz säi Kontrakt bis elo nach net vum FLF-President Paul Philipp verlängert krut. De Luc Holtz betount, hien hätt dacks gutt Gespréicher mam FLF-President, och wann net ëmmer alles géing gutt verlafen. Hien ass dann och der Meenung, dass ee Gespréicher, fir ze verlängeren, net ze fréi féiere soll, mä an den nächste Woche géing een awer sécherlech elo doriwwer schwätzen.

Bei enger Kontraktverlängerung geet et jo dacks ëm d’Suen an d’Dauer. Hei ënnersträicht de Lëtzebuerger Nationaltrainer awer, dass hien d’Rout Léiwen net trainéiert, fir dat grousst Geld ze verdéngen. Am Profi-Beräich géing een e gutt Stéck méi verdéngen. Mä de Luc Holtz huet mat alle Concernéierten eng gutt Relatioun an dofir wier hien op där Plaz, wou en elo ass.

De Luc Holtz ass elo zanter 2010 responsabelen Trainer vun der Lëtzebuerger Nationalekipp.

Back to Top
CIM LOGO