
D’Posts vum Profi op der Plattform Instagram a Relatioun mam Krich a Gaza haten an de leschten Deeg a Woche schonn héich Welle geschloen. Elo huet Mainz 05 eng Decisioun geholl an de Kontrakt opgeléist.
An engem weidere pro-palestinenseschen Instagram-Post huet den El-Ghazi geschriwwen, hie géif fir dat Richtegt astoen, och wann en eleng do géif stoen. De Verloscht vu senger Existenzgrondlag wär näischt am Verglach mam Leed vun de Leit an der Gazasträif.
De Parquet vu Koblenz ermëttelt iwwerdeems géint de fréiere Spiller vu Mainz. Dat wéinst engem Ufank vun engem Verdacht op Volleksverhetzung. Dat haten d’Autoritéiten dem däitschen SWR gesot.