
1:0 De Bruyne (12'), 2:0 Gündogan (18')
Am Allersmatch konnt sech Manchester mat 2:0 géint Mönchengladbach duerchsetzen a steet domadder mat engem Been an der Véierelsfinall. Eenzege Bemol, hiren Heemmatch gëtt net an England, mä an Ungarn gespillt, dat wéinst de strenge Covid-19-Mesuren.
Gladbach hätt dëse Match also misste mat op d’mannst 2 Goler Ecart wannen, fir eng Chance ze hunn, fir weiderzekommen. Ma no 12 Minutte war dës Missioun däitlech méi schwéier ginn, well den De Bruyne vun enge 17 Meter fräi zum Schoss koum an dem Sommer am Gol keng Chance gelooss huet.
6 Minutte méi spéit huet de Gündogan dunn och nach op 2:0 erhéicht, dat iwwert e séier gespillten Ugrëff.
Manchester war och weider méi geféierlech, ma konnt aus zwou weidere gudde Chancen näischt maachen. An der 40. Minutt koum Gladbach du mol geféierlech virun de Gol, ma den Embolo konnt aus der gudder Virlag vum Thuram näischt maachen, hien hat knapp laanscht de Gol geschoss. Esou goung et mam 2:0 an d’Paus.
An den éischten 20 Minutten nom Säitewiessel gouf et keng gréisser Highlights. City war spillbestëmmend, ma net zwéngend an huet am Géigenzuch probéiert, fir hannen net vill zouzeloossen. An der 66. Minutt hat City eng Chance, ma de Sommer konnt de Schoss vum Mahrze paréieren. Gladbach ass an der zweeter Hallschent dem Score a City just nogelaf, esou datt d’Englänner hei zum Schluss verdéngt gewannen an ouni gréisser Schwieregkeeten an déi nächst Ronn kommen.
1:0 Benzema (34'), 2:0 Ramos (60',p), 2:1 Muriel (83'), 3:1 Asensio (85')
Atalanta muss eng 0:1 Néierlag doheem géint Real Madrid nees ophuelen. Dëst sollt net einfach ginn, ma och net onméiglech, well d’Italiener aktuell eng gutt Form hunn an dräi vun hire leschte véier Matcher mat enger Avance vun op d’mannst 2 Goler gewonnen hunn.
D’Missioun Véierelsfinall gouf awer dunn an der 34. Minutt méi schwéier, wéi d’Defense vu Atalanta sech e grave Feeler erlaabt huet an de Benzema de Ball nach quasi just huet missten iwwert d’Linn drécken, fir Real a Féierung ze bréngen. Et sollt och mat deem Score an d’Paus goen. Real hat zwar méi Ballbesëtz, ma net méi Golchancen, konnt awer déi eng grouss notzen, wat Atalanta net gelongen ass.
Nom der Paus war et weider Real, déi Drock gemaach hunn. An der 53. Minutt huet de Vinicius eng gutt Chance leie gelooss, ma no enger Stonn huet de Ramos vum Punkt markéiert. Dësem Gol war e Foul vum Toloi ervirgaangen, dee säi Géigespiller am Strofraum ëmgestouss hat. De VAR huet d’Entscheedung vum Arbitter op Eelefmeter confirméiert. An der 68. Minutt huet de Sportiello am Gol vu Bergamo mat enger Glanzparat dunn den 3:0 verhënnert. Atalanta wollt sech awer net esou einfach geschloe ginn an huet och probéiert, sech Chancen erauszespillen. An der 76. Minutt konnt de Courtois seng ganz Klass weisen an den éischte Gol fir d’Italiener verhënneren, ma 7 Minutte méi spéit war hien ouni Chance géint de Fräistouss vum Muriel. D’Freet iwwert dëse Gol sollt awer net laang halen, well schonn an der 85. Minutt huet den Asensio eng gutt Virlag vum Vazquez genotzt, fir den alen Ecart vun 2 Goler nees hierzestellen. Dobäi ass et och bliwwen, esou datt Real mat zwou Victoiren aus zwee Matcher an déi nächst Ronn kënnt.