
E Mëttwoch den Owend stoungen an de Véierelsfinalle vun der Champions League déi lescht zwee Retourmatcher um Programm.
Dobäi haten d’Münchener Bayern eng schwiereg Aufgab virun der Broscht. Doduerch datt si am Allersmatch däitlech mat 0:3 géint Manchester City verluer haten, hu si missen dräi Goler schéissen, fir op d’mannst an d’Verlängerung ze kommen an der esouguer véier, wa si direkt weiderkomme wollten. Obschonns d’Bayern alles probéiert hunn, sollt et um Enn net duergoe fir si. Bayern kënnt doheem net iwwert en 1:1 géint Manchester City eraus a flitt domadder aus der Champions League eraus.
Am anere Match huet Benfica Lissabon en 0:2-Réckstand géint Inter Mailand missen ophuelen. Mä och fir si sollt dës Aufgab ze schwéier sinn, soudatt si och net méi an der Champions League mat dobäi sinn. Um Enn spillen d’Portugisen 3:3 géint Inter Mailand gläich.
0:1 Haaland (57'), 1:1 Kimmich (83', Eelefmeter)
Bayern München huet engagéiert ugefaangen an hat en direkten Zoch no vir. D’Spectateuren hunn allerdéngs misse 17 Minutten op déi éischt richteg Chance waarden. De Musiala huet de Sané op d’Rees geschéckt, dee fräi virum Ederson opgedaucht ass. Allerdéngs hunn dem jonken Däitschen seng Nerve versot, soudatt hien de Ball just nieft de Potto gesat huet. An der 19. Minutt huet all Bayern-Fan eng Kéier déif opgeotemt. Dëst nodeems den Arbitter eng rout Kaart géint den Defenseur Upamecano revidéiert huet. Dësen hat den Haaland als leschte Mann gefoult, allerdéngs stoung den Norweger am Abseits, soudatt de Feeler net gewäert gouf. Duerno haten déi Münchener ëmmer nees gutt Occasiounen, mä weder de Sané nach de Musiala konnten de Ball am Filet ënnerbréngen. Entweder si sinn um Ederson hänke bliwwen oder et huet hinnen un der néideger Prezisioun gefeelt.
An der 35. Minutt hätt den Haaland scho fir d’Virentscheedung suerge kënnen. Dëst nodeems den Arbitter no engem Handspill vum Upamecano op de Punkt gewisen huet. Allerdéngs konnt den Haaland den Eelefmeter net verwandelen an hien huet de Ball iwwert de Gol gesat. Duerno huet Bayern nees alles no vir geworf, an awer ass et hinnen net gelongen, d’Defense vu City esou richteg ënner Drock ze setzen, soudatt et mat engem 0:0 an d’Paus gaangen ass, wat fir d’Bayern däitlech ze wéineg war.
Nom Téi war de Match e bësse méi oppen, dëst well och Manchester City elo e bësse méi zilorientéiert no vir gespillt huet. Esou hate souwuel de Coman fir den FC Bayern, ewéi och den Haaland fir Manchester City eng gutt Occasioun. An der 57. Minutt huet de jonken Norweger dunn awer all Münchener Hoffnung op e Weiderkommen zerstéiert, andeems dësen den 1:0 fir Manchester City markéiert huet. No engem Ausrutscher vum Upamecano konnt den Haaland eleng virum Sommer opdauchen an de Ball zur 1:0 Féierung am Gol ënnerbréngen.
D’Münchener ware vum Géigegol geschockt, wat sech och um Spillverlaf gewisen huet. D’Loft war aus dem Match eraus an et hat een am Gefill, wéi wann d’Münchener sech domadder offonnt hätten, datt si dëst Joer d’Champions League wuel net gewanne wäerten. Dobäi konnte si an der 76. Minutt duerch den Tel den 1:1-Ausgläich markéieren, mä dësen huet opgrond vun enger Abseitspositioun net gezielt. An der 83. Minutt kruten d’Bayern dunn en Eelefmeter vum Arbitter zougeschwat, dëst no engem Handspill vum Akanji. De Kimmich huet d’Verantwortung iwwerholl an den Eelefmeter zum 1:1 am Gol ënnerbruecht.
Allerdéngs sollt dëse Gol just Ergebniskosmetik sinn a sollt näischt um Weiderkomme vu Manchester City änneren. Den FC Bayern München a Manchester City trenne sech no 90 Minutte mat engem 1:1.
1:0 Barella (14'), 1:1 Aursnes (38'), 2:1 Lautaro Martinez (65'), 3:1 Correa (78'), 3:2 Antonio Silva (86'), 3:3 Musa (90+5')
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.