Premier LeagueManchester City wënnt an huet et elo selwer an der Hand

RTL Lëtzebuerg
Duerch eng knapp Victoire um Méindeg den Owend huet City lo - virum leschte Spilldag - nees 1 Punkt Avance op Liverpool.
© AFP

Méi enk wéi an der Premier League kann et bal net an engem Championnat zougoen. Manchester City a Liverpool schenke sech näischt. Béid Ekippe sinn dominant an awer ka just ee Champion ginn ...

Ze spille bleift nach genee ee Spilldag an nach ass keng Entscheedung gefall. Duerch eng hauchdënn 1:0-Victoire e Méindeg den Owend géint Leicester huet City et elo awer selwer an der Hand. Ee Punkt ass d’Avance op Liverpool, mat enger Victoire am leschte Match auswäerts géint Brighton ass City sécher Meeschter, egal wéi d’Reds spillen. Déi empfänken doheem Wolverhampton.

Sämtlech Partië vum leschte Spilldag ginn de Sonndeg, 12. Mee um 16 Auer ugepaff.

Den erléisende d’Gol fir d’Sky Blues e Méindeg am leschte Match vum 37. Spilldag huet de Vincent Kompany an der 70. Minutt geschoss - en herrleche Schoss aus 20 Meter an de Wénkel.

City huet et also den nächste Weekend selwer an der Hand, fir de Championstitel kloer ze maachen. Oder kann d’Ekipp vum Jürgen Klopp in extremis awer nach vun engem Lapsus profitéieren?

Back to Top
CIM LOGO