
Manchester United ass um 4. Spilldag net iwwer en 1:1 géint Southampton erauskomm. Zwar konnte si no 10 Minutten d’Féierung iwwerhuelen duerch e Gol vum James, ma de Vestergaard huet an der 58. Minutt fir d'1:1-Schlussresultat gesuergt.
Och den FC Chelsea huet sech e Samschdeg nëmme mat engem Remis missen zefridde ginn, si spillen 2:2 géint Scheffield United. Den Tammy Abraham hat an der 19. an an der 43. Minutt getraff. Sheffield hunn awer a Persoun vum Robinson an der 46. Minutt verkierzt. Duerch een Eegegol an der 89. Minutt vum Zouma stoung et um Enn 2:2.
Eng kloer Victoire gouf et dann awer fir Manchester City an hirer Partie géint Brighton & Hove Albion. De Kevin de Bruyne an de Bernardo Silva hunn allebéid eemol getraff an de Sergio Agüero direkt zweemol.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Den FC Barcelona hat sech e Samschdeg wuel méi erwaart, ma um Enn hu si 2:2 mat Osasuna gedeelt. Ouni déi blesséiert Messi, Suarez an Dembélé leeft et net bei de Katalanen. No nëmme 7 Minutte louche si schonns duerch e gol vum Torres zeréck. Eréischt no der Paus konnt de 16 Joer alen agewiesselte Fati ausgläichen. An der 64. Minutt war et den Arthur dee Barcelona a Féierung bruecht huet, ma den Torres huet an der 81. Minutt vum Eelefmeterpunkt aus den 2:2 geschoss.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga