
Trotz enger 1:2 Néierlag bei Molde konnt sech den FC Granada fir d’Véierelsfinalle qualifizéieren, Arsenal konnt vun der 3:1-Victoire aus dem Allersmatch profitéieren a sech géint Olympiakos Piräus duerchsetzen, den AS Roum konnt béid Matcher géint Donezk gewannen an no enger 0:2-Néierlag am Allersmatch an enger 2:0-Victoire am Réckmatch konnt sech Dinamo Zagreb eréischt an der Verlängerung géint Tottenham Hotspurs duerchsetzen.
An den Owesmatcher waren dann zwee Lëtzebuerger am Asaz, ma weder de Gerson Rodrigues mat Kiew nach de Christopher Martins mat Bern konnten eng Ronn weiderkommen, d’Rees sollt fir Villarreal an Ajax Amsterdam weidergoen. D’Glasgow Rangers goufen doheem vu Slavia Prag eliminéiert an am Spëtzenduell vun den Aachtelsfinalle konnt sech Manchester United géint den AC Mailand duerchsetzen.
0:1 Pogba (49')
Den Toppmatch an der Aachtelsfinall war den AC Mailand géint Manchester United. An no engem 1:1 am Allersmatch hate béid Ekippen nach gutt Chancen, fir sech fir d’Véierelsfinallen ze qualifizéieren. An enger zimmlech ausgeglachener éischter Hallschent konnt keng Ekipp wierklech profitéieren. Mailand hat zum Schluss vun der Hallschent zwou gutt Chancen, ma eng Kéier war den Henderson am Gol op sengem Posten, eng zweete Kéier huet d’Prezisioun gefeelt. Esou datt et mat engem 0:0 an d’Paus goung.
Nom Säitewiessel huet Manchester de Pogba fir de Rashford erabruecht an dëse Wiessel huet sech direkt bezuelt gemaach. 4 Minutten no der Awiesslung huet hie vun enger net all ze gudder Defensivleeschtung vu Mailand profitéiert an den 1:0 fir seng Ekipp markéiert. No 74 Minutten hat den Ibrahimovic nach eng gutt Chance, ma nees huet den Henderson Schlëmmeres verhënnert. An der 88. Minutt hat de Pogba nach bal den 2:0 markéiert, ma säi Käppert goung iwwert de Gol. Esou ass et beim 1:0 fir Manchester bliwwen, woumat si sech fir déi nächst Ronn qualifizéiert hunn.
1:0 Moreno (13'), 2:0 Moreno (36')
Fir Dynamo Kiew an de Gerson Rodrigues war et bei Villarreal eng schwéier Aufgab, well een den 0:2 muss guttmaachen, fir nach weiderzekommen. De Lëtzebuerger Offensivsspiller stoung an der Startformatioun bei den Ukrainer. Ma fir de roude Léif a seng Ekipp war d’Missioun Véierelsfinall schonn no 13 Minutte méi schwéier ginn, nodeem de Moreno eng gutt Flank mam Kapp an de Gol deviéiere konnt. Nach méi komplizéiert gouf d’Aufgab an der 36. Minutt, wou de Moreno nees ofgezunn hat. De Ball gouf awer esou ofgefälscht, datt de Golkipp vun den Ukrainer keng Chance méi hat. Virum Pausentéi sollt da kee Gol méi falen.
Nom Säitewiessel war Villarreal net méi zwéngend an huet sech éischter drop konzentréiert, de Match iwwert d’Bün ze bréngen. Kiew koum net wierklech geféierlech virun de Gol, esou datt et hei bei engem verdéngten 2:0 bliwwen ass. De Gerson Rodrigues gouf an der 66. Minutt duerch den Lednev ersat.
0:1 Neres (21'), 0:2 Tadic (49',p)
Eng schlecht Ausgangspositioun och fir Bern mam Christopher Martins, deen am Ufank vum Match op der Bänk souz. Si haten am Allersmatch zu Amsterdam 0:3 verluer. No 21 Minutten hätte si, fir weiderkommen ze kënnen, esouguer e 0:4 missten ophuelen, well den Neres hat Amsterdam a Féierung bruecht. Mat deem Resultat goufen d’Säite gewiesselt.
De VAR war dann kuerz nom Säitewiessel net op der Säit vun de Schwäizer, wéi den Arbitter als éischt en Handspill iwwersinn an duerch de Videoarbitter en dunn awer gepaff huet. Den Faivre am Gol vu Bern hat de richtegen Eck vum Schoss vum Punkt vum Tadic erwëscht a war och mat der Hand um Ball, ma de Schoss konnt hien awer net stoppen. Dono koum de VAR dann an der 54. Minutt an den Asaz, wéi den Nsamé fir Bern getraff hat. Duerch eng Abseitspositioun gouf de Gol awer zeréckgeholl. Amsterdam hat am Recht vun der zweeter Hallschent méi Schëss op de Gol, konnt awer vun deenen net profitéieren. De Christopher Martins huet d’Néierlag an d’Eliminatioun aus der Europa League vun der Bänk aus suivéiert.