
Am internationale Futtballchampionnat gouf et an England Victoirë fir Manchester United an Newcastle, a Spuenien konnt sech Bilbao géint Espanyol Barcelona duerchsetzen an an der Ligue ass et e spéide Succès vun Angers géint Lille ginn.
E Samschdeg waren och nees eng Rei Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz.
Manchester United - Everton 2:0
1:0 McTominay (36'), 2:0 Martial (71')
Manchester United séchert mat enger 2:0-Victoire géint Everton déi 4. Plaz a bleift domat weider um gudde Wee op eng Champions-League-Plaz. D’Red Devils waren am Old Trafford vun Ufank un déi besser Ekipp an hätte mat der Unzuel u Chancen eigentlech nach méi fréi missen a Féierung goen. No 36 Minutten war et dann awer de McTominay, deen no engem Zouspill vum Sancho aus kuerzer Distanz de Ball hannert d’Linn drécke konnt. Mam zweete Gol duerch de Martial knapp 20 Minutte viru Schluss war de Match dann entscheet. Vun Everton ass ze wéineg komm fir nach ee Punkt kënne mat Heem ze huelen a sou muss ee sech weider Suerge ëm e méiglechen Ofstig aus der Premier League maachen.
Brentford - Newcastle 1:2
1:0 Toney (45+1'), 1:1 Raya (54'), 1:2 Isak (61')
Och Newcastle bleift weider ënnert den éischter Véier an der Premier League. Dobäi hat een zu Brentford ufanks nach seng Problemer an de Match ze fannen. Duerch en Eelefmeter-Gol vum Toney an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent ass et mat engem knappe Réckstand an d’Paus gaangen. Nom Säitewiessel ass et da besser gelaf. No engem Selbstgol vum Raya an der 54. Minutt konnt Newcastle nëmme siwe Minutten drop selwer a Féierung goen. Bis zum Schluss konnte si dee Spillstand bäihalen an um Enn mat dräi wichtege Punkten déi drëtt Plaz festegen.
Tottenham - Brighton 2:1
1:0 Son (10'), 1:1 Dunk (34'), 2:1 Kane (79')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Bergamo - Bologna 0:2
0:1 Sansone (49'), 0:2 Orsolini (86')
FC Turin - AS Roum 0:1
0:1 Dybala (8')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Angers - Lille 1:0
1:0 Sabanovic (84')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Espanyol Barcelona - Bilbao 1:2
0:1 Williams (22'), 0:2 Williams (75'), 1:2 Darder (90+1')
San Sebastian - Getafe 2:0
1:0 Oyarzabal (45+2'), 2:0 Kubo (60')