
E Samschdeg war an der däitscher Bundesliga den Optakt vum 27. Spilldag. Den FC Bayern a Borussia Dortmund halen d’Spannung un der Spëtzt mat dräi Punkte weider héich, Köln setzt sech mam agewiesselte Mathias Olesen zu Augsburg duerch a Mainz spillt mam Leandro Barreiro 2:2 géint Bremen. Fir Leverkusen ass et mat engem 3:1 géint Frankfurt iwwerdeems déi 5. Victoire hannertenee ginn.
No der Defaite am DFB Pokal konnt den FC Bayern den SC Freiburg e Samschdeg am Championnat awer mat enger 1:0-Victoire revanchéieren. An der éischter Hallschent vum Match war de Ball gréisstendeels op der Säit vun de Gäscht aus München. All ze dacks ass een domat awer géint haartnäckeg Freiburger net no virun de Gol komm. Nom Säitewiessel huet et dann net laang gedauert bis den däitsche Rekordmeeschter a Féierung goe konnt. Den De Ligt huet sech an der 51. Minutt aus der Distanz een Häerz geholl a mat engem stramme Schoss an de Wénkel op 1:0 gestallt. Duerno huet Freiburg et zwar probéiert, ass awer net laanscht eng kompakt Defense vun de Bayern komm. Zwee Mol huet de Potto den Ausgläich verhënnert a sou bleift et um Enn bei der knapper awer och verdéngter Victoire fir den däitsche Rekordmeeschter.
Dortmund bleift an der Course ëm de Championstitel mat engem 2:1 géint Union Berlin weider drun. No enger gudder hallwer Stonn war de BVB verdéngt duerch e Gol vum Malen a Féierung gaangen. Och am weidere Spillverlaf waren d’Haushären am grousse Ganzen déi besser Ekipp a mat iwwer 70% Ballbesëtz hate si d’Kontroll iwwert de Match. An der zweeter Hallschent war Union dann awer ëmmer méi um Ball, si hunn de Wee méi aktiv no vir gesicht an hunn dann och eng gutt hallef Stonn viru Schluss duerch de Behrens egaliséiert. Dortmund huet sech dovun awer net ënnerkréie gelooss an am Numm vum agewiesselte Moukoko ronn zéng Minutte viru Schluss nees d’Féierung hiergestallt. Dës sollt dës Kéier och halen a sou ginn et um Enn déi dräi Punkten.
Freiburg - Bayern 0:1
0:1 De Ligt (51')
Dortmund - Union Berlin 2:1
1:0 Malen (28'), 1:1 Behrens (61'), 2:1 Moukoko (79')
Leverkusen - Frankfurt 3:1
1:0 Adli (10'), 2:0 Diaby (34'), 2:1 Sow (74'), 3:1 Azmoun (90+5')
Augsburg - Köln 1:3
0:1 Skhiri, 0:2 Martel, 1:2 Vargas (29'), 1:3 Maina (59')
Mainz - Bremen 2:2
1:0 Ajorque (85'), 1:1 Stage (87'), 2:1 Weiper (90+3'), 2:2 Füllkrug (90+5')
Hertha - Leipzig 0:1
0:1 Haidara (39')
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.