
De Mathias Olesen geet vun Eintracht Tréier bei d’U19 vum 1. FC Köln. Den 18 Joer jonke Mëttelfeldspiller, deen zu Mamer ugefaangen huet, ass och duerch d’Futtballschoul vun der FLF zu Monnerech gaangen.
Den A-Nationaltrainer Luc Holtz hat den aktuellen U19-Nationalspiller och schonn eng Kéier an enger Preparatiounsphas bei sech geruff.