
Am éischte Match no der komplizéierter Campagne an der Liga B vun der Nations League am Juni stoung fir d'Rout Léiwinnen den Owend ee Match op Malta um Programm. Et hat een de Géigner erausgesicht, wëll ee selwer erëm eng Kéier méi matspille wollt, dat war jo géint staark lescht Géigner wéi d'Belsch net gelongen.
Vun Ufank un haten d'rout Léiwinnen, déi opgrond vun enger gebrachener Rëpp ouni Charlotte Schmit gespillt hunn, dann och méi de Ball. No nëmmen 3. Minutte schonn hate si sech déi éischt gutt Chance erausgespillt. D'Kimberley Dos Santos huet awer an der Mëtt de Ball net richteg getraff.
No 20. Minutten huet dunn d'Maya Cachia am Gol vu Malta eng Lëtzebuergerin gefoult an sou gouf op Eelefmeter fir d'FLF-Dammen decidéiert. D'Marta Esteves huet sech der Saach ugeholl, mee d'Spillerin vum Racing konnt de Ball net an de Gol setzen. Et ass beim 0:0 bliwwen.
No der Paus konnt dunn awer Malta a Féierung goen. 57. Minutte ware gespillt, wéi d'Haley Bugeja vun Inter Mailand onbedrängt op 1:0 fir d'Lokalequipe stelle konnt.
Och dono hate virun allem d'Spillerinne vu Malta nach e puer Chancen, dorënner een Eelefmeter deen d'Lucie Schlimé awer paréiere konnt. Um Score sollt sech bis zum Schluss awer näischt méi änneren an 0:1 war d'Schlussresultat.
Als nächst waart op d'FLF-Dammen een Dënschdeg Montenegro, dat doheem zu Rëmeleng. Ugepaff gëtt dee Match Owes um siwen Auer, den Entrée ass fräi.