
Op der Kinneksetapp konnt de Florian Lipowitz sech no knapps 185 Kilometer tëscht Kranj a Kranjska Gora duerchsetzen an domat och d'Féierung am General iwwerhuelen. Virun der leschter Etapp um Sonndeg huet den Däitschen eng Avance vu 4 Sekonnen op den Giulio Pellizzari a vun enger annerhallwer Minutt op de Jakob Omrzel.
De Mats Wenzel war och e Samschdeg nees vir mat dobäi, um Enn sollt et mat engem Retard vu 4 Minutten a 16 Sekonnen fir déi 17. Plaz op dëser 4. Etapp duergoen. Am General verléiert hien domat e puer Plazen, bleift awer weiderhi gudde 14. mat engem Réckstand vu 4 Minutten a 26 Sekonnen.
Zu Aarburg stoung e Samschdeg op der 4. an domat virleschter Etapp vum Tour duerch d'Schwäiz ee Contre-la-montre vun 23,7 Kilometer um Programm. Mat enger Zäit vu 26:37,99 Minutte konnt den Tadej Pogacar sech d'Victoire sécheren an domat seng Féierung am General ausbauen. De Slowen war just 31 Honnertstel méi séier wéi de Mathieu van der Poel op Plaz 2.
Den Arthur Kluckers hat ee Retard vun enger Minutt an dräi Sekonnen op de Pogacar an huet sech domat als 21. vun 123 klasséiert. Am General huet hie mat dëser Performance e puer Plaze guttgemaach a läit elo op Plaz 112 (+47:34 Minutten).
Op der 4. Etapp vum 95. Tour duerch d'Belsch vu Begijnendijk-Betekom op Aarschot gouf et am Massesprint eng Victoire fir den Hollänner Olav Kooij, dee sech virum Tim Merlier an dem Jasper Philipsen behaapt huet. Am Generalklassement huet den Alex Aranburu seng Féierung verdeedegt. De Philipsen läit elo 2 Sekonnen hannert dem Spuenier op Plaz 2, dee selwechte Réckstand huet mam Jenno Berckmoes op der 3. Plaz nach ee weidere Belsch.
Den Alex Kirsch ass am Peloton iwwer d'Zillinn gefuer a krut domat op Plaz 90 déi selwecht Zäit wéi de Kooij opgeschriwwen. Am General läit hie virun der leschter Etapp e Sonndeg op der 53. Plaz (+10:21 Minutten).