TriathlonD'Jeanne Lehair gëtt 5. zu Quiberon an iwwerhëlt d'Féierung am General

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war zu Quiberon a Frankräich déi 4. Manche vun de World Championship Series am Triathlon.
© FLTRI

Bei den Dammen huet d'Jeanne Lehair et mat engem Retard vun 28 Sekonnen op déi 5. Plaz gepackt. Um Podium stoungen déi franséisch olympesch Championne Cassandre Beaugrand, d'Schwedin Tilda Månsson an d'Jolien Vermeylen aus der Belsch.

Domat iwwerhëlt d'Jeanne Lehair am Generalklassement d'Beth Potter a läit no 4 Manchen un der Spëtzt. Drëtt ass den Ament d'Jolien Vermeylen.

Bei den Hären konnt de Lucas Cambrésy sech zu Quiberon déi 24 Plaz sécheren. Nom Schwammen war de Lëtzebuerger den Drëtten, um Enn hat hien e Réckstand vun 52 Sekonnen op de franséische Vainqueur Dorian Coninx. De Gregor Payet huet sech e Samschdeg als 35. klasséiert.

Donieft konnt de Lëtzebuerger Champion Theo Marti sech e Samschdeg beim Asien Triathlon Cup zu Astana a Kasachstan déi 2. Plaz sécheren, dat mat engem Retard vun 3 Sekonnen op de Kasach Ayan Beisenbayev.

© FLTRI

Back to Top
CIM LOGO