"Mäi Veräin lieft Sport", esou gëtt d’Reform vum Sportsministère fir den neie System betitelt, iwwer deen d’Lëtzebuerger Sportveräiner hir finanziell Aiden ufroe kënnen. Bis elo war dëst iwwert de "Qualité +" méiglech. Am neie Projet gëtt dësen esou ugepasst, datt d’Veräiner selwer decidéieren, wéi eng Hëllefe fir si a Fro kommen.
Den éischten ass de "Sport et Société", dee vu September 2027 u fir all Sportveräin a Fro kënnt, virop de Benevolat soll ënnerstëtzen, awer och beispillsweis de Para Sport oder d’Special Olympics. Donieft gëtt et vu September 2028 un nach de "Qualité +" an de "Pro +". Dee leschtgenannte schwätzt virun allem déi Veräiner un, déi méi professionell opgestallt sinn an dës Suen an techneschen an administrative Beräicher kënnen asetzen, also zum Beispill Trainer oder Personal.
Den zousätzleche Käschtepunkt fir dës Reform ass vun 2029 un an Héicht vu ronn 20 Milliounen Euro. An der Vergaangenheet hate vum ale Service Qualité + just maximal een Drëttel vun de Lëtzebuerger Sportveräiner profitéiert. Dëse System wäert nach bis September 2030 parallel weiderlafen.