
Aus dem nationale Fraefuttball ass et d’Nouvelle, datt de Progrès Nidderkuer mat effet immédiat seng Ekipp aus der éischter Liga zeréck zitt.
Et kéint een net garantéieren, déi nächst Matcher genuch Spillerinnen ze hunn, well elo schonns haaptsächlech ganz jonk Spillerinnen um Terrain stoungen, déi gréisstendeels nach net um Niveau vun der éischter Dammeliga kompetitiv wieren.