Normalerweis gëtt d’Fakel mat Hëllef vun der Sonn an engem Parabolspigel ugefaangen. Well d’Sonn en Dënschdeg wärend der offizieller Zeremonie awer net genuch geschéngt huet, gouf d’Fakel aneschters ugefaangen. De griichesche Rudderer a Olympiagewënner zu Tokio Stefanos Douskos war deen éischten, dee sech mat der Fakel op de Wee gemaach huet, ier hie se un déi dräifach Olympesch Medailegewënnerin aus Frankräich, d’Schwëmmerin Laure Manaudou, iwwerginn huet.
Am Ganze ginn et ronn 10.000 Leit, déi d’Fakel noenee bis op Paräis droe sollen. All 200 Meter gëtt d’olympescht Feier vu Leefer zu Leefer weiderginn, ier se dann de 26. Juli zu Paräis ukomme soll, wou d’Olympesch Spiller no 1900 an 1924 eng drëtte Kéier organiséiert ginn. Bis dohinner wäert d’Fakel 11 Deeg laang duerch Griicheland gedroe ginn, ier se dann zu Athen offiziell un déi franséisch Delegatioun wäert goen. Dëst geschitt am Panathinaiko-Stadion, also genau do, wou déi éischt Olympesch Spiller vun der Neizäit 1896 organiséiert goufen.
Vun do aus geet et da mam Schëff weider op Marseille, wou ee sech bei der Zeremonie den 8. Mee am alen Hafen eng 150.000 Leit erwaart. Dono wäert d’Olympescht Feier dann 68 Deeg laang duerch Frankräich gedroe ginn.
D’Fakel soll dann och symbolesch fir de weltwäiten Zesummenhalt stoen, wéi de President vum Internationalen Olympesche Comité, den Thomas Bach, a senger Ried sot. D’Leit op der Welt wieren iwwerall konfrontéiert mat Krich a Konflikter, et bréicht een eppes, dat d’Leit zesummebréngt. D’Olympescht Feier wier en “Symbol vun Hoffnung”.
D’Fakel gouf vum franséischen Designer Mathieu Lehanneur entworf an ass mat Biopropangas gefëllt, datt se net soll ausgoen.
Beandrockend Sammlung
Dës Fakel hofft donieft de Stratos Kilmou, a seng Sammlung ze kréien. De 65 Joer ale Griich sammelt zanter 40 Joer Olympia-Fakelen. Déi eelste Fakel, déi hien a senger Kollektioun huet, ass vun den Olympesche Spiller zu Berlin 1936. Hie wäert mat senger ganzer Kollektioun och op Paräis reesen, wou een dës da bewonnere kann.