
De Rapport gouf am Optrag vun der ONG Rapid Transition Alliance realiséiert. Heiraus geet ervir, datt, wann de Klimawandel d'selwecht weidergeet wéi bis elo, am Joer 2050 iwwert d'Hallschent vun de Stied, an deenen d'Olympesch Wanterspiller bis elo organiséiert goufen, net méi a Fro kéimen.
"De Klimawandel verleeft héich ënnerschiddlech", heescht et am Rapport, "ma déi global Suitte vun den aktuellen Entwécklungen ass, datt d'Duerchschnëttstemperaturen an de Biergregiounen, an deenen déi meescht Wantersportaarte gemaach ginn, eropgoe wäerten." Et wier deemno mat manner Schnéi ze rechnen, dee méi séier schmëlzt.
Den Internationalen Olympesche Komitee (IOC) géif sech eréischt zanter den 90er Jore mam Thema Klimawandel ausernaner setzen, sou de Rapport. Ugangs 2020 hätt den IOC dunn decidéiert, datt alleguer d'Stied, an deenen Olympesch Wanterspiller organiséiert ginn, vun 2030 u klimapositiv musse sinn.
Am Rapport gëtt allerdéngs gefuerdert, datt een nach méi wäit geet. Ënnert anerem gëtt hei proposéiert, datt Sportveräiner, déi bis 2030 net CO2-neutral sinn, solle vun de Spiller ausgeschloss ginn.
Weider Erkenntnisser aus dem Rapport: an den nächsten 30 Joer riskéieren e Véierel vun den Terraine vun der englescher Futtball-Liga all Saison iwwerschwemmt ze ginn an all Drëtte British Open Golfterrain wéinst engem méi héijem Mieresspigel beschiedegt ze ginn.