
Am éisträichesche Pokal huet St. Pölten mam Lëtzebuerger Dirk Carlson 4:0 géint Austria Lustenau gewonnen. De Carlson huet de ganze Match gespillt. Bei Austria Wien huet de Marvin Martins iwwerdeems gespillt. Um Enn gouf et eng 1:0-Victoire géint Klagenfurt.
Och an Ungarn gouf Coupe gespillt. Ujpest huet sech do mat 2:0 géint Tatabanya behaapt. De Lëtzebuerger Tim Hall ass an der 67. Minutt agewiesselt ginn.
De Leandro Barreiro an den FSV Mainz goufen e Mëttwoch den Owend vun der Hertha aus dem DFB-Pokal geheit. Bei der 0:3-Néierlag géint den Zweetligist stoung de Lëtzebuerger 70 Minutte laang um Terrain.
D’Ekipp vun Hamburg konnt sech en Dënschdeg den Owend doheem géint den FC Schalke 04 duerchsetzen. Dat nodeems déi Hamburger fréi am Match hanne louchen. Ma um Enn konnte si d’Partie nach dréien. Den Danel Sinani stoung bei St. Pauli déi éischt Hallschent um Terrain, gouf awer an der Halbzeit ausgewiesselt.
De Mathias Olesen souz bei der 2:3 Néierlag vu Köln géint Kaiserslautern op der Bänk a gouf net agewiesselt.
An der Belsch ass Francs Borains auswäerts mat enger 0:3 Defaite géint Saint-Trond aus der Coupe eliminéiert ginn. Dat obwuel et no 90 Minutten nach 0:0 stoung an de Match an d’Verlängerung goung. De Lëtzebuerger Alessio Curci war bei Francs Borains fir d’Verlängerung agewiesselt ginn.