
E Freideg den Owend war an der däitscher Futtball-Bundesliga den Optakt vum 12. Spilldag. An der Ligue 1 a Frankräich war et fir de Kont vum 14. Spilldag de Spëtzematch tëscht dem PSG a Lille.
Borussia Dortmund - SC Paderborn 3:3
Paderborn, bei deenen de Lëtzebuerger Futtballer Laurent Jans vun Ufank un um Terrain stoung, goung schonn an der 5. Minutt a Féierung. De Streli Mamba hat sech d’Chance op den 1:0 net huele gelooss. Dat duerch e raffinéierte Pass vum Kai Pröger. An der 37. Minutt hat Paderborn nach een dropgesat, de Streli Mamba hat op en Neits markéiert. Kuerz virun der Paus konnt de Gerrit Holtmann mat engem Solo den drëtte Gol fir d’Paderborner schéissen. Hei waren 43 Minutte gespillt. Genausou spektakulär goung et an der 2. Partie weider: an der 48. Minutt konnt Dortmund de Réckstand op 1:3 verkierzen. No enger schéiner Flank konnt den Jadon Sancho de Ball am lénksen Eck placéieren. Kuerz viru Schluss konnt Dortmund an der 85. Minutt duerch e Schoss vum Axel Witsel op 2:3 verkierzen. An der Nospillzäit konnt Dortmund nach den 3:3 markéieren, bei deem de Laurent Jans net gutt ausgesinn huet. De Lëtzebuerger Kapitän huet dem Jadon Sancho de Ball virun d’Féiss gekläert, deen dunn d’Flank op de Marco Reus gemaach huet, dee mat sengem Gol nach ee Punkt fir de BVB gerett huet.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Paris St. Germain - OSC Lille 2:0
No engem proppere Pass vum Idrissa Gueye huet de Mauro Icardi vu Paris Saint-Germain den 1:0 markéiert. No enger knapper hallwer Stonn ass e weidere Gol fir Paräis St. Germain gefall, dës Kéier vum Ángel Di María an der 31. Minutt. Preparéiert gouf den 2:0 vum däitschen Nationalspiller Julian Draxler. Fir de PSG ass et déi 11. Victoire, fir de Virsprong un der Spëtzt vun der Tabell weider ausbauen.